
Et muss een also kee Remboursement méi bei der Gesondheetskeess ufroen. De sougenannte Paiement immédiat direct steet (PID) an de Startlächer.
Den 20. September wär den informatesche System operationell, seet de Claude Haagen, de Minister vun der sécurité sociale. Da kéint d’Software bei den Dokteren installéiert ginn, souwäit d’Editeuren, also d’Betriber, déi sech ëm d’medezinesch Logiciellen an de Cabinete këmmeren, och prett wieren.
De Patient selwer brauch fir de Paiement immédiat direct keng speziell Applikatioun. Hie bezilt einfach just säin Deel vun der Rechnung. Den Dokter confirméiert am informatesche System, dass dat geschitt ass a kritt automatesch de Solde vun der Rechnung vun der CNS iwwerwisen.
AMMD skeptesch
D’Generaliste sinn déi éischt, déi kënne mam Paiement immédiat direct equipéiert ginn. Duerno d’Zänndokteren. Duerno solle de System och fir déi verschidde medezinesch Spezialitéiten accessibel ginn, esouwäit d’Doktere bereet sinn, de System installéieren ze loossen.
Den Dr. Alain Schmit, President vun der Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun AMMD, weist sech do skeptesch. “Well dat hei eigentlech net wierklech eng digital Approche ass, déi ambitiéis ass. Wuelwëssend, datt et méi eng ambitiéis gëtt.”
Gemengt ass hei d’DHN-App, déi op Initiativ vun der AMMD entwéckelt gouf. Dëse System gesäit nieft dem Remboursement accéléré, den digitalen Transfert vun Dokumenter wéi Krankeschäiner oder Ordonnancë vir. Dat ass bis ewell net méiglech wéinst Onstëmmegkeete mat den zoustännegen Acteuren. Et géif awer u Solutioune geschafft, heescht et op Nofro vun der Gesondheetskeess.
Et wär am Interêt vum Patient, vun der CNS a vum Dokter selwer, beim PID matzemaachen, esou de Claude Haagen: “Den Dokter huet keng Frais bancairë méi bei der Transmissioun vun de Suen. Hien huet manner Charge administrative, hie kritt d’Suen och direkt.”
Nieft dem Paiement immédiat direct bleift d’Méiglechkeet bestoen, fir normal ze bezuelen an duerno e Remboursement unzefroen.
Fir Editeuren ze encouragéieren, sech opzestellen, fir d’PID-Software an den Dokteschcabineten ze installéieren, huet de Ministère en Incitatif vu 625€ pro Installatioun an Aussiicht gestallt. Doropshin hätte sech eng 12 Editeuren eng Autorisatioun gefrot fir ze participéieren.