Hausse vum MindestlounFonction Publique soll an der Rechnung consideréiert ginn

Pit Everling
Lëtzebuerg muss d'europäesch Mindestloun-Direktiv ëmsetzen.
Dëst ass e Symbolbild.
Dëst ass e Symbolbild.
© BARBARA GINDL/APA-PictureDesk via AFP

Fir d’Fuesvakanz leien d’Chifferen um Dësch an op Basis vun deenen, wäert iwwer eng Hausse diskutéiert ginn, mat alle Partner. Dat seet den neien Aarbechtsminister Marc Spautz am RTL-Interview. Ëm wéi vill de Mindestloun an der Praxis kéint erop goen, dat wëll den CSV-Politiker à ce stade net kommentéieren.
“Ech wëll elo hei bewosst net vu Montante schwätzen, well ee jo och gläichzäiteg muss drun denken, dass och déi reegelméisseg Upassung vum Mindestloun och dëst Joer fälleg gëtt, dass een dat alles muss zesumme kucken an da komme mer le moment venu, wéi gesot, fir d’Fuesvakanz, vläicht nach net mat engem Montant, mee dass dann awer mol d’Rechnung um Dësch läit, dass och jiddweree sech en objektiivt Bild ka maachen, wat déi eng oder wat déi aner Situatioun géif bedeiten.”

Eisen Informatiounen no soll d’Hausse manner héich ewéi 5% sinn.

D’EU-Richtlinn verlaangt en adequate Mindestloun an nennt 50% vum Duerchschnëtts- a 60% vum Median-Salaire als Referenz. Wéi d’Direktiv genee wäert ausgeluecht ginn, ass awer de Länner iwwerlooss. De fréieren Aarbechtsminister Georges Mischo hat vun enger eventueller grousser Belaaschtung fir de Privatsecteur geschwat an hat an d’Spill bruecht, datt d’Staatspaien aus der Berechnungsformel kéinten ausgeklamert ginn. En Urteel vum Europäesche Geriichtshaff huet déi recommandéiert Prozentsätz awer confirméiert. De fréieren Aarbechtsminister hat et schonn ugedeit an den aktuelle Minister huet am RTL-Interview widderholl, datt hien dovunner ausgeet, datt d’Fonction publique an der Rechnung wäert consideréiert ginn. Un der Mindestloun-Direktiv hänkt och d‘Direktiv fir d‘Zuel vun de Kollektivverträg ze erhéijen. Do soll mat de Sozialpartner en Aktiounsplang ausgeschafft ginn, sou nach de Marc Spautz.

Back to Top
CIM LOGO