Neijoerschpatt déi LénkFir Solidaritéit a géint e System, dee versot

Claudia Kollwelter
Marlène Clement
Déi Lénk hunn op hirem Neijoerschpatt en Donneschdeg den Owend an engem Restaurant um Lampertsbierg e kritescht Bild vun der Welt, mee och der nationaler Politik a Situatioun gezeechent.
Fir Solidaritéit a géint e System, dee versot
Déi Lénk hunn op hirem Neijoerschpatt en Donneschdeg den Owend an engem Restaurant um Lampertsbierg e kritescht Bild gezeechent.

D’Lëtzebuerger Regierung ass net verschount bliwwen. 2026 hätt leider esou ugefaangen, wéi 2025 opgehalen huet, mat Krich, Gewalt a Mënscherechtsverletzung. Dat huet den neie Spriecher vun déi Lénk André Marques a senger Ried ënnerstrach. Vu Palästina iwwer d’Ukrain bis a Venezuela a Syrien wier d’Leed vun de Bevëlkerungen eng Konsequenz vu geopoliteschen Interessen an internationalem Versoen. Den André Marques huet d’Roll vun den USA ugeprangert a kritiséiert, datt just déi wirtschaftlech a strategesch Interessen am Vierdergrond stinn. D’EU géif dem US-President Donald Trump seng autoritär Politik net just toleréieren, mee indirekt ënnerstëtzen.

Autoritäre Stil a Manktem u Demokratie

Déi Lénk gesinn eng geféierlech Tendenz zu “Regéieren duerchdrécken“, op internationalem Plang, mee och an Europa a Lëtzebuerg. Beispiller dofir si politesch Entscheedungen ouni breede Sozialdialog an e Regierungsstil, deen demokratesch Diskussioune méi a méi ignoréiert. D’Pensiounsreform, de Manktem u Respekt vis-à-vis vun de Gewerkschaften an onkloer Gesetzestexter wiere Beweis fir eng schlecht preparéiert a sozial onsensibel Politik. Trotz konkrete Virschléi vun déi Lénk géifen d’Léisunge vun der Regierung d’Salariéë belaaschten, amplaz de System nohalteg ze sécheren.

Logement: Profitter fir e puer, Onsécherheet fir vill

Am Beräich Logement geheien déi Lénk der Regierung vir, Promoteuren a grousse Betriber ze favoriséieren, wärend vill Leit zanter Joren op hir Wunnenge waarden oder sech kee bezuelbare Wunnraum leeschte kënnen. D’Logementskris bleift der Partei no eng vun de gréisste sozialpolitesche Baustellen. Och am Gesondheetssecteur warnen déi Lénk virun enger ëmmer méi staarker Privatiséierung. D’Fuerderunge vum Fleeg- a Spidolspersonal no bessere Konditioune géifen ignoréiert, wärend wirtschaftlech Interessen ëmmer méi Afloss kréien.

Géint e System vun Ongläichheet

Déi Lénk kritiséieren eng Gesellschaft, an där Räich ëmmer méi Räichtum usammelen, wärend déi Schaffend ëmmer méi Drock spieren. Grouss Verméigen a Multimilliardäre ginn als Symboler vun engem asozialen a perverse System duergestallt. Déi Lénk gesi sech als eenzeg Partei déi hir Stëmm hiewen, fir déi, déi net gehéiert ginn: Salariéen, Jonker, Working Poor a kleng Betriber. D’Partei wëll bewosst “nerveg” sinn an déi treffen, déi vun der aktueller Politik profitéieren.

E Bléck no vir

Trotz enger éischter däischterer Analys huet de Co-Parteispriecher awer och Hoffnung vermëttelt. Ëmmer méi Jonker an engagéiert Leit géifen d’Ongerechtegkeete vum aktuelle System erkennen a sech deene Lénken uschléissen. D’Partei huet zejoert 65 nei Membere kritt an ass domat aktuell bei ronn 700. Ofschléissend huet den André Marques dozou opgeruff d’Hoffnung net ze verléieren an zesumme fir e méi gerecht a solidarescht Lëtzebuerg ze kämpfen. E Systemwiessel wier net nëmmen néideg, mee och méiglech.

Fir den André Marques war et iwwerdeems den éischten Neijoerschpatt vu senger Partei als Co-Spriecher. Hien huet zejoert de Poste vum Gary Diderich iwwerholl, dee wéinst dem Rotatiounsprinzip vun déi Lénk, zesumme mam Ana Correia Da Veiga fir d’parlamentaresch Rentrée am September an d’Chamber wäert réckele fir déi aktuell Deputéiert Marc Baum an David Wagner.

Back to Top
CIM LOGO