Dëse Sonndeg ass et d'Suite vun eiser Serie, an där Politiker vu verschiddene Parteien d'Froe vun den RTL-Kannerreporter beäntwerten.

Wat kann ee géint Aarmut maachen? Firwat hunn d’'Leit, déi an der Klinik schaffen esou vill Aarbecht a wien ass prett fir Premierministesch ze ginn? Dat si Froen, deenen sech déi zwou Spëtzekandidatinne vun der LSAP an Déi Lénk hu missen dës Woch an der Emissioun Kleng freet Grouss stellen.

Kleng freet Grouss : Paulette Lenert
Dëse Sonndeg gëtt d'Paulette Lenert vun der LSAP vun de Kannerreporter Lou, Giusi a Julie interviewt.

D’Lou an d’Giusi haten d’lescht Woch de Ben Polidori vun de Piraten interviewt a sëtzen dës Kéier dem Paulette Lenert géinteniwwer. Dem Lou ass opgefall, dass wann hatt seng Bom am Altersheem besicht, dann hunn d’Leit, déi do schaffe vill Zäit fir hir Aarbecht ze maachen. Wéi dem Lou seng Bom awer eng Kéier an der Klinik war, ass him opgefall, dass déi meescht do guer keng Zäit hunn. Wéi kann een esou e Beruff da méi attraktiv maachen? Nieft verschiddene Froen zum Thema Gesondheet hunn sech déi zwou Kannerreporterinnen awer och dofir interesséiert, wéi et da wär eng Premierministesch ze hunn.

«Prett, prett ass een ni fir eppes Neies. Ech maache mäi Bescht, et ass eppes wat mir géif Freed maachen, wat eng ganz grouss Erausfuerderung wär an ech hu mir dat laang iwwerluecht, wann ee Jo seet als Spëtzekandidat, dann ass dat natierlech en Usproch, deen ee wéilt hunn oder en Ziel.», esou d’Paulette Lenert.

Kleng freet Grouss: Ana Correia Da Veiga
Dëse Sonndeg gëtt d'Ana Correia Da Veiga vun Déi Lénk vun de Kannerreporter Yvan, Zoé a Julie interviewt.

Déi éischte Kéier gesäit een dann dës Woch och d’Zoé an den Ivan. Déi zwee interviewen d’Ana Correia da Veiga an interesséieren sech fir Themen Aarmut an Aarbecht. Den Ivan wonnert sech och iwwert de Walslogan vun deene Lénken: «Alles ze gewannen, mee wat ze gewannen? Am Lotto ze gewannen? Am Sport ze gewannen?»

«Mir als Partei sinn der Meenung, dass et de Moment ass, dass déi schaffend Leit musse méi gewannen. A mat deem Walslogan wëlle mir soen, dass mir net opginn,no vir kucken an drun denken, dass et nach alles ze gewanne gëtt.», erkläert d’Ana Correia Da Veiga.

Déi aner Folgen vun der KannaNiuuss Emissioun Kleng freet Grouss kënnt dir am RTL Play nokucken.

An d’nächst Woch ass et un de Spëtzekandidate vun der CSV an dem ADR.

Kleng freet Grouss leeft ëmmer moies um 9 h an Owes um 18h45 op der Tëlee. Oder et kann een et awer am RTL Play nokucken.

Eis Kannerreporter stelle sech vir!

Lionel Ribeiro, 12 Joer

Hallo, ech sinn de Lionel, meng Frënn nenne mech och Lio. Am léifste spillen ech a menger Fräizäit Fussball, këmmere mech ëm mäin Hond a reesen och richteg gären. Spéider géif ech gären eng Kéier Profi-Fussballer ginn oder Journalist.

Mäi Motto: Ni opginn, ëmmer dru gleewen.

Julie Ludwig, 12 Joer

Ech sinn d’Julie an a menger Fräizäit liesen an turnen ech gären. Wat ech net gären hunn, ass wa Leit onéierlech sinn. Wann ech mir Superkräften eraussiche kéint, da géif ech mech am léifsten onsiichtbar maachen. Mäin Dramberuff wär et, Historikerin ze ginn.

Mäi Motto: Stief mat Erënnerungen, net mat Dreem!

Ivan Caramuta, 13 Joer

Moien, ech sinn den Ivan an a menger Fräizäit spillen ech gäre Fussball. Wat ech net esou gären hunn, ass botzen! Wann ech ee Superheld wär, da kéint ech fléien a mäi grousse Wonsch ass et, eng Kéier eng Schräinerei opzemaachen. Wann ech grouss sinn, ginn ech gären eng Kéier Schräiner.

Mäi Motto: Ni opginn!

Charel Schiltz, 13 Joer

Hallo, ech sinn de Charel oder wéi ech och heiansdo genannt ginn: de Charel vun Arel. Ech interviewen a menger Fräizäit Museker an interesséiere mech allgemeng fir Musek a Radio maachen. Mäi gréisste Wonsch wär et, och e richteg gudde Mikro ze besëtzen. Spéiderhi wär ech gären e Radiosmoderator oder géif soss eppes am Beräich Medie maachen.

Mäi Motto: Kuck, dass de eens gëss.

Maxime Entringer, 12 Joer

Moien, ech sinn de Maxime “Maxu” Entringer a meng Hobbye si Fussball a Musek. Mäi gréisste Wonsch wär et, eng Kéier e Fussballstar ze ginn. Mee op ech spéider Schauspiller, Journalist oder awer vläicht Polizist wëll ginn, weess ech nach net.

Mäi Motto: Wann et der gutt geet, da gëff ëmmer 100 Prozent.

Lou Beltramini, 12 Joer

Hallo, ech sinn d’Lou Beltramini. Meng Frënn nenne mech Loup-Garou oder Louchen. Meng Hobbye sinn Tennis spillen, danzen, liesen an zeechnen. Besonnesch gär hunn ech Schnéi, gutt Wieder a Musek. Wann et awer ze waarm ass, hunn ech dat guer net gär, esou wéi och Leit, deenen een net traue kann.

Mäi Motto: Vertrau kengem. / Morgen ist auch noch ein Tag.

Giusi Carenza, 13 Joer

Ech sinn d’Giusi! Mäin Hobby ass Reiden a wat ech guer net gär hunn, ass wa Leit agebilt sinn. Wann ech mir eng Superkraaft kéint aussichen, wéilt ech gäre Gedanke liesen. A mäi gréisste Wonsch wier et, nach emol an engem Film matzespillen. Spéider wéilt ech gäre Schauspillerin sinn, oder eng Firma grënnen.

Mäi Motto: Wéi een an de Bësch rifft esou schaalt et zeréck.

Zoé Valente, 13 Joer

Moien, mäin Numm ass Zoé Valente. Meng Hobbye si Japanesch léieren, Videospiller spillen an zeechnen. Ausserdeem këmmeren ech mech gär ëm meng Hënn. Mangaen, Tarte Flambée an Dokuen hunn ech besonnesch gär. Spannen awer guer net! A mengem Dramberuff wëll ech eng Kéier eppes mat Geschicht oder Mythologie maachen, ganz genee weess ech dat nach net, mee an deem Genre.

Mäi Motto: Am Liewen ass et wichteg, dass een sech duerchsetzt an net direkt opgëtt. D’Liewen ass e Kampf, et muss ee kämpfe fir weiderzekommen.


Nationalwalen - D'Kandidaten an der Iwwersiicht