Regierungsrot
Staatlech Hëllef fir Bau vu Wunnraum zu Bouneweg an zu Kielen guttgeheescht

Am Regierungsrot gouf et Feu vert, fir dass de Staat beim Finanzement hëlleft vum Bau vun iwwer 550 abordabele Wunnengen zu Bouneweg op der Itziger-Knupp.
Käschtepunkt knapp 200 Milliounen Euro
Dat selwecht gëllt fir déi zweet Phas vum Projet Elmen zu Kielen. Do spréngt de Staat beim Bau vun iwwer 150 weidere Logementer mat 84 Milliounen Euro an.
Am Regierungsrot gouf et da formell gréng Luucht, fir dass de Gehälteraccord beim Staat réckwierkend op den éischte Juli och op Gemengen-Niveau applizéiert gëtt.
Am meeschte gelies