Keng laang Rieden, just kuerz a knapp Äntwerten - Jeff Steichen (Fokus)
Mir presentéieren iech am Magazin déi jéngste Kandidaten a Kandidatinne vun all de Lëschten am Kader vun de Chamberswalen den 8. Oktober.
Kuerz a Knapp hu mir elo déi jéngste Kandidate vun 10 Parteie kennegeléiert. En Dënschdeg ass et dann um Jeff Steichen, de 19 Joer ale Bauer bedreift Ackerbau an huet Mëllechkéi um Betrib. An der Schoul war hien am Schülercomité aktiv, elo steet hie bei Fokus op der Lëscht am Bezierk Norden. Fir de Jeff Steichen ass et déi éischte Kéier, dass hien an de Wale mat dobäi ass, politesch engagéiert hien sech zanter leschtem Joer. Fir de kuerz a knappen Interview hu mir hien op sengem Betrib getraff.
Numm: Jeff Steichen
Alter: 19 Joer
Partei: Fokus
Gemeng: Groussbus-Wal
Bezierk: Norden
Beruff: Bauer
Hobbyen: President vum Grupp Zucht bei de Lëtzebuerger Jongziichter