Erliichterung an Houfert bei der Regierung: De Groupe d’action financière géint Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung gëtt Lëtzebuerg eng gutt Zensur.

Domat erkennt de Gafi un, datt de gesetzleche Kader an och d’Ëmsetzung vun de Bestëmmung zanter der leschter Evaluatioun verbessert goufen.
Bei der leschter Evaluatioun vum Gafi stoung Lëtzebuerg net esou gutt do. Dofir ënnersträicht d’Justizministerin Sam Tanson, datt de Gafi de gesetzlechen Dispositif géint d’Geldwäsch an d’Terrorismusfinanzéierung elo vill besser fënnt:

"Mat 39 Compliant an Largely compliant vu 40 Recommandatiounen an der Technical compliance ass Lëtzebuerg eent vun den am beschten notéierte Länner an et ass och en Inversement vun der Tendenz vu virun 13 Joer."

Och d’Finanzministerin Yuriko Backes stellt fest: "Mir kruten hei eng ganz gutt Zensur. Do si mer natierlech ganz houfreg drop." 

An: "Ouni eng staark an eng effikass Surveillance kann et keng respektabel Finanzplaz sinn."

Eng schlecht Zensur hätt au contraire, der Reputatioun vun der Finanzplaz geschuet, esou d’Sam Tanson, mee elo wier de Message kloer:

"Illegal Fongen sinn zu Lëtzebuerg net wëllkomm an eis finanziell Institutiounen, Instrumenter an Investissementer ginn net benotzt, fir Fongen aus illegalen Aktivitéiten ze wäschen."

D’Yuriko Backes huet ervirgehuewen, datt der CSSF hir Opstellung vum Gafi gelueft gëtt. An och drun erënnert, datt d’CSSF tëscht 2017 an 2021 78 Strofen wéinst Geldwäsch ginn huet mat Amenden an Héicht vun iwwer 14 Milliounen Euro.

Och d’Cellule de Renseigenement financier gouf gelueft. Lëtzebuerg géif och gutt mam Ausland kooperéieren, stellt de Gafi fest. Ma trotz allem Luef gëtt et och Punkten, déi nach ze verbessere bleiwen. Notamment wat d’Enquêten a Poursuitten ugeet, wou d’Justiz net ëmmer nokënnt.

Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar seet,

"Do gëtt erëm ervirgehuewen, datt et u Leit feelt. Dat ass eppes, wat ech net midd ginn ze kritiséieren." 

Hie verweist op d’Beispill vun Edmond de Rothschild, déi 2017 eng Amende vu bal néng Milliounen Euro vun der CSSF kritt haten. Dat wéinst der Verwécklung an déi malaysesch Korruptiounsaffär 1MDB. De Laurent Mosar seet, d’CSSF hätt hiren Dossier un de Parquet weiderginn, mee:

"Bis elo ass an deem Dossier mol keng Inculpatioun komm. An anere Länner, wou géint déi nämmlecht Banken (...) instruéiert gouf, do sinn déi éischt Leit schonn aus dem Prisong eraus." 

D’Justizministerin Sam Tanson huet erkläert, d’Personal an der CRF wier staark opgestockt ginn. Et wiere 40 nei Referendaires-Posten an der Justiz geschaaft ginn, fir Spezialisten ze rekrutéieren, an iwwer fënnef Joer wäre 44 Magistrats-Poste bäikomm an et soll och an Zukunft nach vill rekrutéiert ginn.