Neie Benelux-Traité fir Police-Kooperatioun gëllt vum 1. Oktober un

Déi Belsch, hollännesch a Lëtzebuerger Poliziste kënnen an Zukunft méi einfach a méi effikass iwwert d'Grenzen eraus zesummeschaffen.
Déi verschidde Ministeren a Policecheffe vun den 3 Länner hunn um Donneschdeg en deementspriechende Benelux-Traité ënnerschriwwen, dee vum 1. Oktober 2023 u gëlle soll. Et wier dëst e wichtege Schratt fir d'Sécherheet an d'Sécherheetsgefill vun den Awunner ze verbesseren, a fir méi séier a méi effikass um Territoire vum anere Land schaffen ze kënnen.
2004 goufen am Accord vu Senneng schonn eng éischte Kéier Kooperatiounsrichtlinne festgehalen. En neie Kooperatiounstraité fir d'Police gouf dunn 2018 ënnerschriwwen. Elo gouf dësen nach emol un déi aktuell Situatioun ugepasst an hei stieche verschidde grouss Punkten eraus.
Sou gëllen am Fall vun enger Verfollgungsjuegd z.B. keng Grenzen a keng Restriktioune méi. Bis elo konnt eng Course-poursuite just ënner verschiddenen Ëmstänn iwwert d'Grenz ewech duerchgefouert ginn. Dat huet mat sech bruecht, dass dacks Course-poursuitten un der Grenz opgehalen hunn. Mam neien Accord däerfe Polizisten aus engem Land elo och verschidde Recherchen an engem Nopeschland maachen, wéi z.B. Zeien oder Affer befroen.
Eng weider Neierung ass, dass d'Police elo ënnerteneen op Datebanken Accès hunn, sou z.B. wat Mixte-Patrullen an der Grenzregioun ugeet.
Och bei de Spezialunitéite gëtt et elo d'Méiglechkeet, dass dës kënnen a Krisesituatiounen am Nopeschland aktiv ginn, respektiv bei gréisseren Eventer wéi z.B. bei engem EU-Sommet kënnen als Verstäerkung an den Asaz kommen.