Zu Wolz bleift d'Bautepolitik och fir CSV-DP ee Chantier

Am Gemengewalkampf war d'Bautepolitik dee grousse Sujet zu Wolz. Ma och bal véier Méint no de Wale gouf et wéineg Beweegung am Dossier.
Virun allem déi deemoleg Oppositiounspartei DP hat kritiséiert, de fréieren LSAP-Buergermeeschter Fränk Arndt hätt eng Rëtsch illegal Baugeneemegungen ausgestallt. Eng Fuerderung war dowéinst, all d'Baugeneemegunge zanter 2017 op de Leescht ze huelen. Ma ganz liicht deet sech déi nei CSV-DP Koalitioun domat awer net.
Ronn véier Méint sinn d'Gemengewale vum 11. Juni elo hier. De 6. Juli gouf de Koalitiounsaccord vun CSV an DP ënnerschriwwen an déi nei Buergermeeschtesch Carole Petitnicolas-Weigel eng Woch méi spéit den 13. Juli vereedegt. An der Schäfferotserklärung ass net ganz vill zum Thema Bautepolitik ze liesen. Op Nofro hin erkläert déi nei Gemengemamm, datt ee bis elo genuch domat ze doe gehat hätt, sech an déi verschidden Dossieren anzeschaffen. Ma och dono dierft et wuel net zu enger flächendeckender Iwwerpréiwung vun ale Baugeneemegunge kommen.
"Ech mengen alles kann ee lo och net kontrolléieren. Ech menge mir sinn och an enger Phas, wou mir eis lo mol hu musse raschaffen. Natierlech ginn d'Règlements sur les bâtisses reegelméisseg bei eis iwwerschafft an och de PAG ass an der Revisiounsprozedur. Déi Saache vu virdrun, wou se well Situatiounen nach eng Kéier duerchgekuckt ginn, de Conseil communal gouf och doriwwer informéiert."
Wat méiglech Suitte fir Fäll, an deene sech effektiv net un d'Bautereglement gehale gouf, ugeet, hält sech d'Carole Petitnicolas-Weigel éischter bedeckt. Et kéint op alle Fall net drëms goen, déi Gebaier rëm ewechzerappen. Si géing souwisou léiwer no Vir kucken. Fir ze verhënneren, datt sech esou Feeler an Zukunft widderhuelen, kéimen all gréisser Projeten automatesch an d'Bautekommissioun. Dës soll iwwregens am Oktober nei besat ginn. Et wier een och a Kontakt mam Inneministère.
"Wat d'Morcellementer betrëfft, dat ass einfach schwiereg. Et muss ee Situatioun fir Situatioun kucken, d'Terrainen zu Wolz kucken. An do si mir lo mam Ministère a Kontakt, fir eben de Reglement ze adaptéieren, well et einfach schwiereg war. An et war warscheinlech och an deene Fäll virdrun esou, wou warscheinlech Feeler ënnerlaf sinn, wou ech awer lo net méi an den Detail ginn."
Zu Wolz gouf et vun 2015, wéi d'Fusioun tëscht deene fréiere Gemenge Wolz an Eschweiler a Kraaft getrueden ass, bis dëst Joer eng Koalitioun vun LSAP an CSV. Den aktuelle PAG ass zanter 2017 a Kraaft. Bei der LSAP, déi eenzeg Oppositiounspartei am Gemengerot, wollt ee sech net zur zukünfteger Bautepolitik vun der neier Majoritéit äusseren, et hätt een nach net genuch Informatiounen dozou.
Zu Wolz war et den 3. Februar 2021 zu Perquisitiounen op der Gemeng, bei enger Baufirma an enger Partie Privatpersoune komm. Ausléiser ware Berichter vun der Douane, deenen no op zwou Plazen an der Gemeng Wolz illegal Bauschutt gelagert soll ginn. Dobäi soll et sech ëm Verstéiss géint d'Commodo-Gesetzgebung an d'PAG-Gesetz handelen.
Am Gemengewalkampf war et de Virworf vun der Wëlzer DP-Sektioun, den deemolege Buergermeeschter Fränk Arndt géing ongewéinlech enk Relatiounen zu verschiddene Bauentreprisen ënnerhalen. Wou d'Enquête méi wéi 2,5 Joer no deenen éischte Perquisitiounen drun ass, war op Nofro beim Parquet hin iwwerdeems net gewuer ze ginn. De Fränk Arndt huet ëmmer all d'Virwërf d'zeréckgewisen. Et gëllt d'Présemption d'innocence.