Eng KI muss encadréiert a suivéiert ginn. Ma Systemer, déi mat kënschtlecher Intelligenz fonctionéieren, gehéiere mëttlerweil zum Alldag vu ville Leit.

An domadder kommen op d’CNPD, also der Nationaler Kommissioun fir d’Protektioun vun den Donnéeën, nei Erausfuerderungen duer. Dat weist och de Rapport vun zejoert.

Enn d’lescht Joer ass d’CNPD als zoustänneg Agence fir d’Koordinatioun an déi national Ëmsetzung vum "AI Act" designéiert ginn. Dësen Text ass op EU-Niveau ugeholl ginn a muss elo nach an nationaalt Recht ëmgewandelt ginn. Den Alain Herrmann, CNPD-Kommissär, erkläert, dass d'Agence hei zwou Rolle wäert hunn. Op der enger Säit d'Servicer, déi KI ausschaffen, iwwerwaachen, ier si op de Marché kommen. An op der anerer Säit d'Roll fir de Respekt vun den Donnéeë vun de Privatleit sécher ze stellen, wann d'KI bis am Gebrauch ass. Well natierlech och eng Kënschtlech Intelligenz - an d’Entitéit, déi se bedreift - déi privat Donnéeë repetéiere muss. Fir den neien Aufgabe gerecht ze ginn, géing der CNPD net de Budget feelen, esou d’Presidentin Tine Larsen, mee et wier net gutt, dass ee keng Leit astellen dierft. Och wann d'Suen do sinn, muss dat fir d'éischt vun der Regierung accordéiert ginn. An dat wier just wann en neit Gesetz do ass. De Gesetzentworf fir den "AI Act" ass den Ament nach um Instanzewee.

Privatleit informéiere sech zu Videoiwwerwaachung

Nieft der Kënschtlecher Intelligenz huet d’CNDP sech wéi gewinnt mat Avisen, Formatiounen oder nach Berodunge beschäftegt. Bal 600 Ufroe krut d’Kommissioun fir den Dateschutz zejoert. En Thema, iwwert dat sech ëmmer nees Leit informéieren ass d’Videoiwwerwaachung. Iwwer genee Enquêten dierf d'Kommissioun zwar näischt soen, esou de CNPD-Commissaire Florent Kling. Ma verschidde Beispiller géing een awer ëmmer erëm gesinn. Zum Beispill, dass Kameraen esou opgestallt ginn, dass se ze vill filmen oder dass d'Material ze laang gehale gëtt.

Dacks wéilte Leit sech bei der CNPD informéieren, ier si eventuell eng Plainte areechen. Verschidde Situatioune kéinten dann awer scho geléist sinn, esou nach d’Presidentin Tine Larsen. Och Patronen informéiere sech bei der Kommissioun, ier si Mesuren en Place setzen.

D’CNPD krut zejoert dann och nach 442 Meldungen iwwer Dateschutzverletzungen, zum Beispill am Fall vun Hacking oder wann Donnéeën un déi falsch Leit weidergeschéckt goufen.