Nieft de Walspotten, déi wéi kommerziell Reklamme vun de Parteie kënne kaf ginn, lafen zënter dem 4. September och déi offiziell Spotten.

D'Walspotte sinn um Radio 100, RTL Radio an op der Tëlee ze gesinn. Déi stinn allen 12 Parteien zou.

Koordinéiert gëtt dës Campagne op den ëffentleche Medien zu Lëtzebuerg vun der ALIA, d’Autorité luxembourgeoise independente de l’audiovisuel. Zu hire Missiounen zielt ënner anerem och eng gerecht Verdeelung vun dëse Videoen an enger Diffusiounsgrille iwwert déi 5 Wochen. Fir de Contenu sinn d’Parteie selwer verantwortlech, d'Längt muss tëscht 10 a 45 Sekonne leien.

D’Videoen, déi d’Parteien direkt um Ufank vun der Campagne ofgeliwwert hunn, goufen am  Kader vun dësem Reportage vun enger Fachfra analyséiert.

Verschiddenst Strategië koumen dobäi an den Asaz. D’Walspotte an hir Messagë si mol méi, mol manner gelongen, wéi d’Verena Landgraf, Creative Director bei enger grousser Kommunikatiounsagence, un ënnerschiddleche Beispiller am Reportage erkläert.

Donieft spillt sech haut awer och villes online of, wat Politik an och Wieler vru nei Challenge stellt. Parteien a Politiker notze verstäerkt Facebook, Instagram, X a Co. Zu Lëtzebuerg gëtt awer näischt, wat online op de Soziale Reseaue publizéiert gëtt, vun der ALIA iwwerwaacht, wat fir si a villerlee Hisiicht problematesch ass. Allzedacks mierken d’Notzer guer net, datt se e Contenu ugewise kréien, dee vu Parteie bezuelt gouf. Vill wëssen och net, datt mam sougenannte "Microtargeting" déi Donnéeën, déi am Netz iwwert Notzer gesammelt ginn, spéider genotzt kënne ginn, fir politesch Reklamme gezielt ze streeën.

An der Vergaangenheet goufen et jo am Ausland schonn eng jett Skandaler, wou via den Algorithmus vun de soziale Plattforme gezielt d’Wieler mat Desinformatioun beaflosst a manipuléiert goufe. Aktuell gëtt et just en "Gentlemen's Agreement" ënnert de Parteien.

Dem Lëtzebuerger Medienrégulateur no brauch et deemno méi Transparenz an allgemeng eng effikass Legislatioun ugepasst un den technologesche Fortschrëtt vun den elektronesch Medien.

De Reportage gëtt en Abléck an d’Reegelen, respektiv wou et u Reegele feelt. A firwat et esou wichteg ass, datt den demokratesche Prozess vu Walen op alle Mediekanäl reguléiert soll sinn.