Schüler a Schülerinnen aus de Lycéeë konnte sech mellen, fir sech eng Kéier wéi een Astronaut ze fillen.

"Astronaut for a Day", sou den Opruff vun der LSA, der Luxembourg Space Agency.

Dozou gehéiert natierlech och d'Schwerelosegkeet. Zero G, wann ee guer net méi vun der Äerd ugezu gëtt, een also guer näischt méi weit, respektiv schwieft.
Wien huet net schonn als Kand dovunner gedreemt, fir kënnen ze fléien oder Objete viru sech schwiewen ze loossen, an dat ouni Hëllefsmëttel? Wat dat wuel fir e Gefill soll sinn? Wat erlieft een Astronaut am Weltall? Wéi fillt dat sech un?

221 Studenten aus verschiddene Lycéeë sinn dësem Dram e klenge Schratt méi no komm. No engem Logik-Test goufen der 125 ausgewielt an déi hu sech dunn nach am Sport misse beweisen, änlech wéi et vu richtegen Astronaute gefuerdert gëtt. Nom Sport-Test sinn der nach 25 iwwreg bliwwen, plus 10 op enger Waardelëscht. A fir déi goung et awer och nach bei den Dokter fir eng Kontroll.

Bei engem Parabelfluch, och nach "Zero Gravity" genannt, ass de Kierper verschidde Kräften ausgesat, déi de Mënsch esou nach net erlieft huet. De Fliger flitt an engem Wénkel vu 45 Grad vu 6.000 op 8.000 Meter erop, hei wierke kuerz 2 G op een, also ass een 2 Mol esou schwéier ewéi op der Äerd. Dono ass een an enger Phas, wou een 20 bis 22 Sekonnen 0 G huet an et ass ee schwerelos.

Eise Mister Science huet de Gaascht-Astronauten, a Form vun Experimenter, de Weltall méi no bruecht. Um Enn sollt en Test weisen, ob si all bereet si fir an de Fliger a fir eng eemoleg Liewenserfarung. Virdru gouf nach fir jidderee mat enger Astronaute-Combinaison ausgerëscht.

An du war et esou wäit, deen Dag op dee si sech alleguer wärend Woche preparéiert hunn an do huet et fir d'alleréischt geheescht, am Fliger Plaz ze huelen. De Parabelfluch gouf iwwert der Normandie ausgefouert, also huet een dann och mol mussen dohinner fléien. Do gouf een dann nach emol eng leschte Kéier gebrieft, krut nach eng Kéier déi wichtegst Saache widderholl. Prioritär ass, fir dem Pilot seng Usoe matzekréien.

Ganzer 15 Mol hunn all d'Kandidaten déi gutt 20 Sekonne genoss, an deene si Experimenter gewise kruten. 20 Sekonnen an engem onbeschreiflech flotte Gefill: et gëtt keen uewen a keen ënne méi, et fillt ee sech méi wéi fräi, egal wéi ee gedréint ass.

D'Kiischt um Kuch war net just, ee Joer laang Ambassadeur ze sinn, no der Landung goufen d'Amateur-Astronauten och nach vum Grand-Duc empfaangen, ëmmerhin ass dat e Projet, deen och him um Häerz läit.

Fazit: Glécklech Gesiichter an en Dag, un deen all Participant sech definitiv nach laang wäert erënneren.