Wéi gesinn d'Lëtzebuerger Parteien d'Roll vun NATO an UN?
© CELESTINO ARCE / NurPhoto / NurPhoto via AFP
Mam Krich an der Ukrain ass d'Roll vun der NATO als Acteur vun der kollektiver Verdeedegung nees an de Fokus vum politesche Bewosstsinn geréckt.
Op der anerer Säit hat een onmëttelbar no der russescher Invasioun gefaart, dass d'Vereenten Natiounen als Acteur an dëser Affär kaum géing eng Roll spillen, well Russland duerch säi Veto-Recht am Sécherheetsrot all signifikant Resolutioun zum Krich an der Ukrain ka blockéieren.
Am Kader vun de Chamberwale wollte mir vun de Lëtzebuerger Parteie wëssen, wéi si zur Memberschaft an der NATO, dem Zwee-Prozent-Zil, der Roll vun de Vereenten Natiounen an der internationaler Politik an enger eventueller Reform vum Sécherheetsrot stinn.
Wéi stinn d'Lëtzebuerger Parteien zur NATO-Memberschaft?
D'Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng, grad ewéi d'Oppositiounsparteien CSV, ADR, an d'Pirate schwätze sech kloer fir eng Lëtzebuerger Memberschaft an der NATO aus. Dat nämmlecht gëllt iwwerdeems fir Fokus a Volt.
Fir d'LSAP, d'DP, déi Gréng an d'Piraten huet déi russesch Invasioun an der Ukrain gewisen, wéi wichteg d'NATO als Garant vun internationaler Sécherheet a Stabilitéit wier.
D'Sozialiste gesinn de Fait, dass Lëtzebuerg d'NATO nom zweete Weltkrich matgegrënnt huet, als Konsequenz dovun, dass Lëtzebuerg bereet wier, um internationale Plang seng Responsabilitéiten ze huelen.
Der DP no hätte grad déi lescht Jore gewisen, dass de Multilateralismus méi brénge géif, ewéi wann d'Staaten nëmmen no hiren eegenen Interesse kucke géifen. Besonnesch als klengt Land kéint een déi gemeinsam Interesse just verdeedegen, "wa mir zesumme mat eise Partner, hei am Kader vun der NATO, handelen."
Déi Gréng annoncéieren iwwerdeems, d'Roll vu Lëtzebuerg als zouverlässege Partner an der NATO awer och an aneren internationalen Organisatiounen, wéi der EU, de Vereenten Natiounen, der OECD, der OSCE an dem Europarot wëllen ze stäerken.
D'CSV betount dann, dass een d'EU an d'NATO net géif a Konkurrenz zouenee gesinn. "Am Géigendeel. Et ginn hei grouss Complementaritéiten, déi mussen ausgebaut ginn. Op Aenhéicht mat den USA", esou d'CSV.
Fir d'Piraten hätten dann d'Diskussiounen ëm de Bäitrëtt vu Schweden gewisen, dass d'NATO misst reforméiert ginn. Et kéint net sinn, dass en eenzegt Land e Bäitrëtt vun engem wichtege Partner wéinst innepolitesche Muechtspiller kéint op onbestëmmten Zäit verhënneren.(*Umierkung vun der Redaktioun: Den tierkesche President Erdogan hat den NATO-Bäitrëtt vu Schweden iwwer e Joer laang blockéiert an dobäi ëmmer nees verschidde Konditioune formuléiert, fir säin Accord ze ginn).
Fir Volt ass d'NATO besonnesch, well et keng eegestänneg europäesch Militärorganisatioun op engem vergläichbaren Niveau géif, e wesentlecht Element vun der kollektiver Stabilitéit an Zesummenaarbecht an Europa.
Liberté-Fräiheet steet der Lëtzebuerger NATO-Memberschaft da "ganz skeptesch" géigeniwwer. Et wéilt een dës Fro engem nationale Referendum ënnerwerfen.
Déi Konservativ stellen d'NATO prinzipiell a Fro. Fir si géif d'Organisatioun léiwer "Krichsallianz" spillen "ewéi e Verdeedegungsbündnis ze sinn." Et misst een d'NATO entweder op hir initial Missioun zeréckféieren an den Nordatlantikvertrag reforméieren oder aus der Allianz austrieden, wann dës eis national Sécherheet géif a Gefor bréngen.
Déi Lénk an d'KPL positionéiere sech da géint eng Lëtzebuerger Memberschaft an der NATO.
Fir déi Lénk misst d'Bündnis opgeléist ginn. Et bräicht eng "autonom europäesch Sécherheetspolitik, déi réng defensiv ausgeriicht ass."
Der KPL no hätten d'USA an hir NATO-Alliéiert eng Rei Kricher ugestëft, deenen hir Konsequenze bis haut nach net kloer wieren. Ausserdeem géifen d'NATO, d'USA an d'EU de Krich an der Ukrain mat Milliardenzommen, Waffeliwwerungen a Krichspropaganda undreiwen a sech géint realistesch Proposen, fir de Krich op en Enn ze bréngen, wieren. D'NATO an och soss alleguer d'Militärallianze missten opgeléist an duerch e System vun der kollektiver Sécherheet am Kader vun de Vereenten Natiounen ersat ginn.
D'Zwee-Prozent-Zil an de Lëtzebuergesche Bäitrag zu der Allianz
Am Kader vun der NATO, geet dacks vun deem sougenannten Zwee-Prozent-Zil rieds, also dass d'Membere sech dozou verflichten, zwee Prozent vun hirem PIB fir d'Verdeedegung auszeginn. Mir wollte vun de Parteie wëssen, ob dëst Zil fir Lëtzebuerg realistesch ass an op wéi eng Manéier Lëtzebuerg soss nach e Bäitrag zur Allianz leeschte kéint.
Fir d'LSAP, CSV Fokus a Volt ass et kloer, dass Lëtzebuerg méi Efforte bei de Militärausgaben ënnerhuele muss. Woubäi d'Sozialisten, Volt a Fokus d'Zwee-Prozent-Zil och fir Lëtzebuerg als realistesch ugesinn.
D'LSAP plädéiert hei fir eng gutt Planifikatioun. Et sollt ee kucken, wou déi Lëtzebuergesch Suen am Beschte kéinten agesat ginn.
Fir Fokus kéint een dëst Zil erreechen, andeems d'Regierung zum Beispill e Fliger kafe géif, dee militäresch identifizéiert wier oder andeems ee Satellitte mat militäresche Kapazitéite géif zur Verfügung stellen oder nach, andeems mer "bannent eiser Arméi eng iergendwéi spezialiséiert Trupp an engem bestëmmte Beräich géifen ausweisen, forméieren an asetzen".
Fir Volt wier de Realismus "eng Suite vum politesche Wëllen an de finanzielle Méiglechkeeten". Lëtzebuerg hätt béides a sollt sech beméien, seng Versprieche géigeniwwer sengen Alliéierten anzehalen.
D'Pirate plädéieren iwwerdeems dofir, dass nei Zorte vun Depensen an d'Berechnung vun der Lëtzebuerger Kontributioun mat afléisse gelooss ginn. Dat kéinten zum Beispill d'Käschte fir den Ausbau vun erneierbaren Energië sinn, well een op dës Manéier manner ofhängeg vun totalitäre Staate géif ginn.
Bei der DP, deene Gréngen, der CSV, der ADR, deene Lénken, der KPL, déi Konservativ a Liberté-Fräiheet ass een dann der Meenung, dass et net realistesch wier, dass Lëtzebuerg zwee Prozent vu sengem PIB fir d'Verdeedegung ausgëtt.
Déi Gréng plädéiere fir eng gereecht Verdeelung vun de finanzielle Responsabilitéiten. Allerdéngs misst déi "spezifesch Situatioun vu Lëtzebuerg mat senger limitéierter Absorbtiounskapazitéit am Verdeedegungssecteur en compte geholl ginn." Et kéint een net einfach blann Suen ausginn. D'Verdeedegungsausgabe missten ëmmer "am Sënn vum Opbau vun enger qualitativer a stabiller Verdeedegungskapazitéit stoen."
Bei der CSV ass een der Meenung, dass d'Lëtzebuerger Ustrengungen dohinner sollte goen, an der Arméi op Spezialiséierung ze setzen. Dat zum Beispill an de Beräicher Hightech, Kommunikatioun a Medezin. Bei den Ausgabe plädéiert ee fir en Ee-Prozent-Zil.
Och d'DP ënnerstëtzt d'Zil, déi militäresch Ausgabe bis 2028 op ee Prozent vum PIB ze erhéijen.
Déi Lénk refuséieren hirersäits d'Zwee-Prozent-Zil vun der NATO. Lëtzebuerg sollt amplaz vum Militärbudget seng Kooperatiounshëllef erhéijen. Dat géif méi zur globaler Sécherheet bäidroen.
Fir d'ADR ass et weder realistesch nach wënschenswäert, dass Lëtzebuerg d'Zwee-Prozent-Zil erreecht. Et sollt ee sech "prioritär dorop konzentréieren, eng Stëmm vum Fridden a vum Ausgläich ze sinn." Well ee keng eege Rëschtungsindustrie huet, wier et ëmsou méi wichteg ze kucken, d'Suen op eng Manéier auszeginn, déi Lëtzebuerg en direkte Notze bréngt.
Der Kommunistescher Partei no sollt Lëtzebuerg guer kee Bäitrag zur NATO leeschten. D'Militärausgabe géife fir d'Léisung vu Probleemer am eegene Land, wéi zum Beispill dem Wunnengsbau an der Santé feelen.
Déi Konservativ sinn dann der Meenung, dass Lëtzebuerg de Militärbudget erhéije sollt. Allerdéngs wier ee "fir en direkte Stopp vun der Contributioun un d’NATO, déi hir Zilsetzung verluer huet". D'Allianz géif eng Militärpolitik vertrieden, déi een net ënnerstëtze géif.
Bei Liberté-Fräiheet hält een d'Zwee-Prozent-Zil fir onrealistesch an onfair. Et sollt ee global iwwert dëst Zil diskutéieren.
D'Vereenten Natiounen als Acteur op der internationaler Bün an eng méiglech Reform vum Sécherheetsrot
Wat d'Handlungsfäegkeet vun de Vereenten Natioune betrëfft, sou ass déi fir d'LSAP, d'DP, déi Gréng, d'ADR a Fokus nach ëmmer ginn.
D'Pirate gesinn d'UN zwar als wichtegst Institutioun fir d'friddlech Verstännegung tëscht de Staaten, ma se bräicht eng Rei Reformen, fir fir déi nei international Erausfuerderunge gerëscht ze sinn.
Vu Volt heescht et, dass een d'Bedeitung un den UN als Pilier vum internationale System an hiren Engagement fir d'friddlech Léisung vu Konflikter géif unerkennen. Änlech Téin komme vun de Konservativen, déi an der Charta vun de Vereenten Natiounen eng Grondlag fir de Kampf fir Fridden, Sécherheet, international Zesummenaarbecht, Kooperatioun Fräiheet, Mënscherechter an Demokratie gesinn.
D'CSV, déi Lénk, d'KPL a Liberté-Fräiheet gesinn d'UN den Ament dann net als handlungsfäegen Acteur.
Fir d'CSV ginn d'Vereenten Natiounen den Ament net déi Roll spille gelooss, déi se op der internationaler Bün eigentlech kéinten anhuelen, well am Sécherheetsrot déi national Interesse vun de Veto-Muechten dacks géifen iwwerweien.
Fir déi Lénk hätt d'UNO den Ament weder d'Muecht, nach déi finanziell Ressourcen, fir der Roll, déi hir op internationaler Bün zoukomme misst, gerecht ze ginn.
Der KPL no kéint a missten d'UN zwar eng Roll an der internationaler Politik spillen, allerdéngs géifen den Ament virun allem d'Länner vum kollektive Weste versichen, d'Vereenten Natiounen fir hir eegen Zwecker ze mëssbrauchen an ze instrumentaliséieren.
Liberté-Fräiheet ass dann der Meenung, dass et sech bei der UNO ëm en Echec handelt, dee vill Geld kascht a bal ni eppes maache géif, wann et drop ukéim.
Bei der Reform vum Sécherheetsrot sinn da mat Ausnam vun der KPL alleguerten d'Parteien der Meenung, dass et déi bräicht. Am Allgemenge sinn d'Parteie sech eens, dass den ieweschte Gremium vun der Vereenten Natioune misst méi representativ an effikass sinn an déi nei global Realitéit misst besser erëmspigelen. Fir d'LSAP misst den afrikanesche Kontinent ënnert de permanente Membere vertruede sinn. Fir déi Gréng, d'CSV a Volt misst d'EU an enger permanenter Form vertruede sinn. Iwwerdeems erhofft ee sech vu Liberté-Fräiheet, dass eng Reform dozou féiere kéint, déi - wéi et vun der Partei heescht - "vëlkerrechtswiddreg " Kricher vun den USA ze stoppen.
Eenzeg an eleng d'KPL ass der Meenung, dass eng Reform vum Sécherheetsrot déi aktuell Problemer net léist, mä nëmmen neier schafe géif. Iwwerdeems wier bei der Grënnung vun den UN decidéiert ginn, dass d'Gewënner vum Zweete Weltkrich am Sécherheetsrot sollte vertruede sinn. Dorunner sollt der Partei no trotz allen internationalen Entwécklungen, déi et zanterdeem gouf, näischt geännert ginn.