No den éischte ChamberwalenFokus a Liberté wëlle sech an der Parteielandschaft etabléieren

RTL Lëtzebuerg
Bei de Walen e Sonndeg sinn zwou nei Parteien ugetrueden. Wéi gesi si hiert Resultat a wéi geet et elo weider?

Bannent e puer Méint huet Liberté-Fräiheet an der Urgence hir Lëschten opgestallt. Den neie Mouvement koum national op 1,13 Prozent vun de Stëmmen.

Fokus a Liberté/Reportage Michèle Sinner

Mir hunn net gejubelt iwwert eist awer e bëssen enttäuschend Ofschneiden. Mee mir hu gejubelt doriwwer, datt déi gréng Partei zu Recht gestutzt ginn ass, well si ass fir eis un den Antipode vun allen, wouru mir gleewen”, esou de fréieren ADR-Deputéierte Roy Reding. Den 12. November kënnt d’Beweegung awer fir en éischte Konvent zesummen, fir Statuten unzehuelen an e Comité ze wielen.

Dat Wesentlecht ass, datt Leit sech zesummefannen, déi eng gemeinsam Visioun hu vun der Politik an eisem Land, déi wëlle virun doru schaffen, déi wëllen eng Lëscht zesummesetze fir d’Europawalen. Déi wëlle bei den nächste Chamberwalen nees dobäi sinn.

Ass de Roy Reding selwer dann nach dobäi? “Et soll net eng One-man-show sinn. D’autant plus, datt ech jo sou lues an de Rentenalter kommen.

Déi nei Partei Fokus mat de Politik-Veterane Frank Engel a Marc Ruppert huet national e Score vun 2,59 Prozent gemaach. En änlecht Resultat wéi d’Pirate bei hiren éischte Wale gemaach hunn. Domat huet Fokus och Urecht op Parteiefinanzéierung, wat der Partei géing erlaben, sech ze stabiliséieren, Personal anzestellen a Raimlechkeeten ze lounen.

Sou datt et wäert méiglech sinn, Fokus weider an der Parteielandschaft ze etabléieren. Gläichzäiteg hu mer awer d’Gefill vun déiwer Verantwortung fir deene Stëmmen an deene Prozent, déi mer kruten, gerecht ze ginn. An op eng propper an anstänneg Aart a Weis weiderzemaachen.

Wéi sech Fokus kéint positionéieren, géing och vun der neier Regierung ofhänken. De Marc Ruppert geet dovun aus,
datt et warscheinlech genee esou weidergeet wéi bis elo. Dat wäert heeschen, mir wäerten déi Steierreform net kënne maachen, well d’DP dat lo net zu dësem Moment wëll. Dat heescht, dat wäert een op d’DP schieben a fir de Rescht wäert d’CSV sech déi Ressorten huelen, déi se interesséieren an eigentlech déi Politik weidermaachen, déi se virun 2013 an dësem Land gefuer sinn. Ouni groussaarteg vill nohalteg Reformen unzestoussen.

D’Gremie vu Fokus kommen eréischt d’nächst Woch beieneen. Zäit fir de Frank Engel, fir ofzekillen, deen an der Emotioun e Sonndeg säi Réckzuch aus der Politik ugekënnegt hat.

Back to Top
CIM LOGO