Vun de 60 Deputéierte maache si also mol net een Drëttel aus. E Progrès ass et wuel am Verglach zu 2018. Deemools ware just 11 Fraen direkt gewielt.

Am Verglach zu 2018, gouf dës Kéier awer op d'mannst bei enger Partei paritär gewielt: déi gréng hu mam Sam Tanson a Joëlle Welfring grad esouvill Fraen, wéi Männer an der Chamber. LSAP-, DP- an CSV-Wieler hunn all Kéiers 5 Dammen op de Krautmaart geschéckt. An d'ADR huet hir éischt weiblech Deputéiert an der Parteigeschicht. Ma just 18 direkt gewielte Frae vun am ganze 60 Volleksvertrieder, dat ass enttäuschend, fënnt d'Claire Schadeck, politesch Beoptraagt vum CID Fraen an Gender.

"An eisen Aen ass d'Verantwortung do awer net eleng beim Wieler, mä och bei de Parteien. Wéi eng Persoune schécke se op Table Ronden? Wéi eng Persoune schwätzen um Radio, si visibel? Well mat eisem Panaschéier-System ginn natierlech déi Persoune gewielt, déi een och kennt."

Am Bezierk Oste méi Fraen, wéi Männer

Ëmmerhin hunn 2 vun de 4 grousse Parteien national Spëtzekandidatinnen an d'Course geschéckt. Am Oste si souguer 4 vun de 7 Mandater u Frae gaangen.

Well déi nei Deputéiert déi politesch Mesuren an den nächste 5 Joer aktiv matbestëmmen, wär eng paritéitesch Representativitéit um Krautmaart ëmsou méi wichteg, seet d'Claire Schadeck: "Well Fraen hunn opgrond vun hirer ënnerschiddlecher Sozialiséierung och eng aner Liewensrealitéit a bréngen aner Perspektive mat eran, dofir wär et enorm wichteg, datt déi och vertruede sinn an der Chamber."

Wat méi Diversitéit an der Chamber, wat besser. Deen Denkustouss gëtt och d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung. "Do kann een natierlech soen, et ass wichteg, datt eng Chamber d'Land representéiert a seng Awunner. Dann ass et natierlech och wichteg, datt e bësse vun allem vertrueden ass. Am beschten och paritéitesch, wéi et an der Realitéit ass. Mä d'Fro vun de Fraen ass eng, déi een do ka stellen, et kann een och déi vum Beruffsstand, déi vum Alter stellen."

Mam Liz Braz, Claire Delcourt an Alexandra Schoos hunn 3 jonk Fraen de Sprong an d'Chamber gepackt. Interessant och ze gesinn, wéi vill Fraen an déi nächst Regierung komme wäerten. Wann dës bis bekannt ass, réckele bekanntlech déi nächst Gewielt an d'Parlament no. Réischt dann ergëtt sech een definitiivt Bild vun der Representativitéit um Krautmaart.