Gedenken un d'Affer vun der Nazi-Occupatioun
Um Nationale Commemoratiounsdag gouf an enger Rei Zeremonien den Affer vun der Nazi-Occupatioun zu Lëtzebuerg vun 1940 bis 1945 geduecht.
E Sonndeg ass den Nationale Commemoratiounsdag. Virun 82 Joer, den 10. Oktober 1941, sollt et zu engem Recensement, der sougenannter "Personenstandsaufnahme" duerch d'Nazi-Occupatioun kommen. D'Iddi war et, datt d'Lëtzebuerger sech géingen zu Däitschland bekennen, andeems si bei de Froen no der Nationalitéit, der Mammesprooch an der "Rass" däitsch uginn hätten. Well awer déi grouss Majoritéit vun de Leit, no Opfuerderung vun der Resistenz, 3 Mol mat "Lëtzebuergesch" geäntwert hunn, gouf d'Vollekszielung kuerzfristeg annuléiert.
Et géing een e Sonndeg dem Engagement vun der Resistenz, dem Schicksal vun den Zwangsrekrutéierten an den Affer vun der Shoah gedenken, schreift d'Regierung an engem Communiqué.Dowéinst gëtt um Dag haut, traditionell un den Engagement vun der Resistenz am zweete Weltkrich erënnert. awer och un déi vill Affer am zweet Weltkrich erënnert.
De ganzen Dag iwwer ware Feierlechkeeten, ugefaange mat enger Zeremonie um Kanounenhiwwel e Sonndeg de Moien um 10.10 Auer. Dëst a Presenz vum Grand-Duc Henri, dem Chamberpresident Fernand Etgen, dem Premierminister Xavier Bettel, dem Vizepremier a Verdeedegungsminister François Bausch, der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, dem Chef d'Etat-Major vun der Arméi Steve Thull an dem Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz.
Um Monument Kaddish gouf duerno den Affer vun der Shoah geduecht. Bei der Gëlle Fra, op der Hollerecher Gare beim Memorial de la Deportation a beim Hinzerter Kräiz um Niklos Kierfecht ware weider Zeremonien. Och haut nach misst ee sech viru radikalen Iddien an Uecht huelen, huet de Staatsminister Xavier Bettel a senger Ried gewarnt.
Dee leschten offiziellen Deel vun der Journée de Commemoratioun nationale war am Atert Lycée. Hei hunn d'Schüler sech iwwert déi lescht Méint mam Thema Zweete Weltkrich auserneegesat.
Andréck vun den Zeremonien uechter d'Land
Nationale Commemoratiounsdag 2023
Proklamatioun vun der Lëtzebuerger Regierung
Den Nationale Commemoratiounsdag huet säin Ursprong an der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941. Deemools wollten d’Nazien ënnert anerem vun de Bierger wëssen, ob si jiddesch wieren an och wat hir Nationalitéit, Mammesprooch a “Rass” wier. D’Resistenz huet dozou opgeruff fir déi dräi lescht Froe mat “Lëtzebuergesch” ze beäntweren. Ganz vill Leit sinn där Opfuerderung nokomm mat dem Resultat, datt d’Vollekszielung annuléiert gouf.
Op dësem Dag gedenke mir traditionell dem Engagement vun der Resistenz am zweete Weltkrich, dem Schicksal vun den zwangsrekrutéierte Jongen a Meedercher an den ëmgesidelte Familljen, souwéi den Affer vun der Shoah. De leschten Deportatiounszuch mat jiddeschen Affer huet Lëtzebuerg virun 80 Joer a Richtung Konzentratiounscampe verlooss.
2023 gedenke mir awer och dem Asaz vu Lëtzebuerger Jongen a Resistenzler, deen zu der Bombardéierung vun der Rakéitefabréck vum Typ V1 a V2 zu Peenemünde an Däitschland bäigedroen huet. 1943 kommen och déi éischt Zwangsrekrutéiert a Krichsgefaangenschaft zu Tambow.
Dëst Joer war zousätzlech markéiert duerch den 100. Anniversaire vun der Aweiung vum Monument du Souvenir, eis all besser bekannt als “Gëlle Fra”. 1923 opgeriicht, ass dëst Monument mat der Zäit e staarkt Symbol vu Fräiheet, Engagement an Zesummenhalt fir eist Land ginn.
2023 ass de 70. Anniversaire vun der Armistice vum Koreakrich, an deem och Lëtzebuerger Zaldote gekämpft hunn. Dëst ass den éischten internationalen Asaz, un deem d‘Arméi deelgeholl huet zënter der Befreiung duerch déi alliéiert Truppen. No den Erfarungen aus dem zweete Weltkrich war et fir d’Land e kloert Bekenntnis zu Fridden an internationaler Solidaritéit. Valeuren, fir déi mir eis och weiderhin asetzen.
Xavier BETTEL, Paulette LENERT, François BAUSCH,
Jean ASSELBORN, Claude MEISCH, Marc HANSEN,
Claude TURMES, Sam TANSON, Taina BOFFERDING, Lex DELLES,
Henri KOX, Franz FAYOT, Claude HAAGEN, Georges ENGEL,
Yuriko BACKES, Joëlle WELFRING, Max HAHN