Et wieren interessant an intensiv Echangë gewiescht mat de Sozialpartner, wéi och dem Mouveco an dem Nohaltegkeetsrot, esou de Formateur Luc Frieden.

Um Méindegmoien stoung virop d’Situatioun vun de Betriber an den Aarbechtsplazen am Fokus. "Mir hätte gär staark Betriber, interessant Aarbechtsplazen an e gutt funktionéierenden ëffentlechen Déngscht", esou de Luc Frieden virun der Press.

De 4. Dag vun de Koalitiounsverhandlungen / Michèle Sinner

Och um Méindeg hätt ee virun allem nogelauschtert. Et wier jidderengem bewosst, dass d’Ëmfeld net einfach wier. Et wéilt een néi Aarbechtsplazen erméiglechen an déi bestoend ofsécheren. Souwuel d'CSV wéi d'DP géifen um Sozialdialog festhalen.

Mam Patronat hätt een och iwwert d’Situatioun vum Bausecteur geschwat. Et wier eng grouss Erausfuerderung, d’Aarbechtsplazen ze halen an de Logementsproblem an de Grëff ze kréien. Och d’Fongenindustrie war Thema, hei wéilt déi zukünfteg Koalitioun vis-a-vis vum Ausland konkurrenzfäeg bleiwen.

Mat de Vertrieder vun den Organisatiounen, déi sech fir Natur- a Klimaschutz asetzen, hätt een en ureegenden Echange gehat. D’Koalitiounspartner wiere sech ganz bewosst, dass een eng Klima- a Biodiversitéitskris hätt. Ënnert anerem duerch administrativ Vereinfachunge kéint een de Problem ugoen.

An den nächsten 2 Woche géifen d’Aarbechtsgruppen elo intensiv schaffen. Zil wier et, dass no der Allerhellegevakanz an der grousser Plenière de Koalitiounsprogramm fäerdeg gestallt ka ginn.

Wat soen d'Gewerkschaften?

Den OGBL, den LCGB an d’Staatsbeamtegewerschaft CGFP hunn hir Haaptfuerderungen un d’Verhandlungspartner widderholl. Dat waren der OGBL-Presidentin Nora Back no ënnert anerem d’Aarbechtsrecht, den Index, d'Pensiounen, de Logement an d'Ekologie. Op Basis vun de Programmer gesäit si awer och Konfliktpotential mat der DP an der CSV.

OGBL huet CSV an DP hir Fuerderunge mat op de Wee ginn
D'Presidentin vum Syndikat OGBL ass frou, datt d'Gewerkschaften och bei de Koalitiounsverhandlunge consultéiert goufen.

Fir den LCGB-President sinn d'Gespréicher mat de Koalitiounspartner e Méindeg de Moie gutt verlaf. Och den LCGB hätt den Delegatiounen erkläert, wou seng Prioritéite leien. Fir de Patrick Dury misst een der CSV an der DP elo Zäit ginn, fir eng stabel Regierung opzestellen.

Patrick Dury: Mir hu mam Sozialdialog ugefaangen an opgehalen
Fir den LCGB-President sinn d'Gespréicher mat de Koalitiounspartner e Méindeg de Moie gutt verlaf.

Fir d’CGFP stoung d’Fonction publique am Mëttelpunkt. De President Romain Wolff huet och d’Steierreform ugeschwat, déi versprach gi war. An de Walpréifsteng vun der CGFP hätte béid Parteien  Steiererliichterunge versprach.

Romain Wolff
D’Steierreform bléift fir d’CGFP eng Prioritéit

Wat seet d'Patronat?

D’Patronatsverbänn waren e Méindeg de Moien no de Gewerkschafte bei den Delegatioune vun DP an CSV zu Senneng. Si hunn do op Demande vun den Delegatiounen haaptsächlech iwwert d’Fongenindustrie an de Logement geschwat. Doriwwer eraus hunn d’Patronen d’Sujete Steieren, Emploi a Sozialversécherung ugeschwat, esou den UEL-President Michel Reckinger no der Reunioun. D’Patronen hunn ënnert anerem gefuerdert, dass déi nei Regierung sech chiffréiert Objektiver gëtt, wat de Wunnengsbau ugeet. Si sinn och der Meenung, dass ee kuerzfristeg Mesurë muss huelen, fir op d’Kris an der Baubranche ze reagéieren.

Gespréicher mat Patronatsvertriedung: Fonge, Logement a Constructioun um Menü
Donieft hätt d'Union des Entreprises Luxembourgeoises Theeme wéi Fiskalitéit an d'Sécurité sociale bei de Koalitiounsverhandlungen ugeschwat.

Natur- an Ëmweltschutz als een zentraalt Thema?

No de Gewerkschaften an de Vertrieder vum Patronat waren um Méindegmëtteg och de Nohaltegkeetsrot an de Mouvement Ecologique vum Formateur invitéiert ginn, fir op d'Erausfuerderungen an der Klima- an Ëmweltpolitik opmierksam ze maachen. D'Blanche Weber, Presidentin vum Mouveco, sot, dass déi nächste Regierung och d’Klimaziler misst am A behalen. Fir de President vum Nohaltegkeetsrot Romain Poulles waren d’Gespréicher ganz positiv. Et hätt een och gefuerdert, dass d‘Nohaltegkeet soll Chefsaach ginn. Insgesamt wier een op oppen Ouere getraff, wat ee géif positiv stëmmen.

Vertrieder aus der Zivilgesellschaft goufe gehéiert
 Natur-an Ëmweltschutz als een zentraalt Thema?