Veianen: Schwämm soll 2024 opgoen, Fusioun mat Tandel am Gespréich

© Marc Hoscheid/Archiv
Den neie Buergermeeschter vu Veianen zitt ee positiven éischte Bilan. Déi zum gréissten Deel nei Ekipp hätt sech gutt ageschafft, ma et bleift Aarbecht.
Den 11. Juni waren zu Lëtzebuerg Gemengewalen, ronn ee Mount méi spéit waren déi meeschte Conseillere vereedegt. Ongeféier 100 Deeg sinn déi verschidde Schäfferéit elo also am Amt. E Sonndeg hat Wolz den Ufank vun enger Serie gemaach, an där mer mat de Buergermeeschteren vun deene Gemengen, wou et duerch d'Walen zu méi grousse Changementer komm ass, respektiv et méi hefteg Diskussioune gouf, een éischten Tëschebilan zéien. Haut ass et um Gemengepapp vu Veianen, dem François Weyrich.
An dee weist sech nawell zimmlech zefridden, et géing een nämlech gutt zesummeschaffen. Déi meeschte Gemengeréit goufen am Juni fir d'éischt an de Conseil gewielt, nieft dem François Weyrich ass och den 1. Schäffe Pol Petry nei derbäi, dowéinst wier ee frou datt de fréiere Buergermeeschter Henri Majerus als Zweete Schäffen u Bord ass.
Mat Bléck op d'Geschäftswelt setzt ee grouss Hoffnungen an ee Parkhaus an der Neipiertchen. Aktuell lafen déi noutwenneg études de faisibilité. Sécher ass, datt d'Haaptstrooss am historesche Stadkär d'nächst Joer an eng 30er-Zon ëmgewandelt wäert ginn. E puer Joer méi spéit wier och eng 20er-Zon denkbar. Och d'Plaz virum fréieren Altersheem, dat aktuell bis 2025 an eng Jugendherberge ëmgebaut gëtt, soll nei amenagéiert an zu enger Zone de rencontre ginn. De François Weyrich schwätzt vun enger "zweeter Place Vic Abens", déi e puer honnert Meter méi wäit ënne läit. Doriwwer eraus wéilt een awer och als Gemeng deene Leit massiv hëllefen, déi ee Geschäft zu Veianen opmaache wëllen.
Datt déi oppe Schwämm zanter 2019 zou ass, hat och am Walkampf fir méi hefteg Diskussioune gesuergt. Déi nei Majoritéit bleift iwwerdeems bei hirem Plang, d'Schwämm an der nächster Saison nees opzemaachen.
"Et leeft drop aus, datt mir dee mëttelste Becken, also de 25-Meter-Becken, opkréien, wa mer all d'Geneemegunge kréien, do si mer am Schaffen dran, an och déi aner Aarbechte lafen. An da geet et eben drëm, datt dee grousse Becken dat Joer drop géif opgemaach ginn, dann natierlech mat deenen olympesche Mossen an alles wat gebraucht gëtt."
Ma och ofgesi vun der Schwämm wéilt ee weider investéieren, fir datt Veianen méi attraktiv fir Touriste gëtt. Sou soll beispillsweis fir de Camping Moulin een neie Piechter gesicht an dëse rëm zu engem Camping vun der ieweschter Kategorie amenagéiert ginn. Dee viregte Schäfferot hat am Fong wëlles, op engem Deel vum Site een neie Gemengenatelier opzeriichten. Déi nei Majoritéit wëll den Atelier op der aktueller Plaz loossen an do elo mol ausbauen. Sollt spéider eng ganz nei Hal gebraucht ginn, bréngt de François Weyrich eng Fusioun an d'Spill.
"Da musse mer an deenen nächste Jore kucken. Dat ass vläicht esouguer ee Punkt, ech wëll lo net ze wäit schwätzen, wou een am Kader enger Fusioun mat enger Nopeschgemeng doriwwer schwätzt, datt een déi Gemengenhal op eng aner Plaz wéi um Veianer Territoire kritt. Mee wéi gesot, dat muss een an deenen nächste Joer gesinn."
Fir eng Fusioun wier Tandel a sengen Aen deen éischten Uspriechpartner. Mëttlerweil wier de Kontakt mat den Noperen och rëm besser. An deene leschte Joren hat et nawell Spannunge ronderëm verschidde medezinesch Ariichtunge ginn. Ma net nëmme Veianen, mee och Tandel krut duerch d'Walen eng nei Gemengespëtzt.