Finanziell Situatioun erlaabt zu Iechternach keng grouss Spréng

© RTL/Archiv
Am Abteistiedchen ass et duerch d'Gemengewalen zu engem Wiessel vun enger CSV-LSAP- hin zu enger DP-LSAP-Koalitioun komm. Ma et bleiwen al Defien.
De fréieren CSV-Buergermeeschter Yves Wengler muss säi Posten un d'Carole Hartmann vun der DP ofginn, déi zanter ronn 100 Deeg un der Spëtzt vun enger DP-LSAP-Koalitioun steet. Keng einfach Aufgab a finanziell schwieregen Zäiten.
An doraus mécht déi nei Buergermeeschtesch Carole Hartmann och kee Geheimnis. Et géing een awer probéieren, sou gutt wéi méiglech mat der Situatioun ëmzegoen. Bei enger Partie Projete géing een op staatlech Hëllefe setzen. Beispillsweis bei der Petite marquise, wou d'Gemeng scho ronn 10 Milliounen Euro dran investéiert huet. Hei géing een nach eng Kéier d'Gespréich mam Kulturministère sichen, well ee bei den Aarbechten ausgebremst gi wier.
"De Gemengerot hat virun de Walen am Fong ee Konzept majoritär ugeholl, dat mir als Demokratesch Partei och mat der Majoritéit gestëmmt haten. Do ass et drëms gaangen, wéi mer vum Kulturministère gehollef kréien. An do hu mer lo am Fong gesot kritt, datt mer just op dem Volet vun der Erhalung vum Fundus gehollef kréien, am Prinzip ee Finanzement vu 50 Prozent. Bon ech mengen, dat muss ee mat deem neie Minister, oder där neier Ministesch nach eng Kéier diskutéieren."
Et wéilt een en zesummenhänkende Projet realiséieren, deen d'Geschicht vun der Stad, Commerce, Restauratioun an den Tourismus verbënnt. Och beim sougenannte Witry-Gebai, wou duerch Iwwerschwemmungen erhieflech Schiet entstane sinn, ass d'Zukunft nach net genee gekläert. Et hätt een zwar e ganz gutt Gespréich um Inneministère gehat. Et hätt een Ënnerstëtzung zougesprach kritt, mee:
"Do sinn awer nach eng Rei Froen ze klären, notamment déi, ob dat Witrys-Gebai renovéiert gëtt, oder ob et, wéi et eigentlech vum Intérieur suggeréiert ass, datt een éischter sollt higoen, an engem Héichwaassergebitt, an de Prinzip vum Built back better sollt applizéieren."
Dat heescht, datt d'Gebai net einfach eent zu eent renovéiert, mee Héichwaasser-konform ëmgebaut géing ginn. Mat Bléck op d'Geschäftswelt géing een d'Shopping-Konzept vum viregte Schäfferot ouni grouss Verännerungen ëmsetzen. Et wéilt een awer méi transparent no bausse presentéieren. Et sollt och keng Konkurrenz zu bestoende Geschäfter duerstellen, mee hëllefen, kommerziell Flächen, déi eidel stinn, nei ze beliewen. Wat den Iechternacher Séi betrëfft, wier ugeduecht gewiescht, d'Areal, dat dëst Joer als Schwammberäich ausgewise war, auszewäiten. Dat géing een d'nächst Joer awer nach net maachen, well een dëse Summer positiv Erfarunge gemaach hätt. Et wéilt een awer op der selwechter Plaz eng Waasserspillplaz amenagéieren.
D'Carole Hartmann gouf bei de Chamberwalen Zweetgewielten op der DP-Lëscht am Osten. Si ass als Generalsekretärin vun hirer Partei och un de Koalitiounsgespréicher mat der CSV bedeelegt. Ob si fir ee Ministerposten zur Verfügung steet oder sécher d'Duebelmandat als Députée-maire ausfëlle wäert, do wëllt sech d'Carole Hartmann aktuell net festleeën.