D'Nowéie vun der Ära Rinnen sinn zu Wäiswampech nach ze spieren

© Marc Hoscheid
28 Joer laang war den Henri Rinnen Buergermeeschter vun der Majorzgemeng. Säi Successeur Claude Daman setzt deels op Kontinuitéit an deels op Erneierung.
Vill ass an deene leschte Joren zu Wäiswampech gebaut ginn, a gefillt genee esou vill Kritik gouf et um Gabarit vun enger Partie vun deenen neie Gebaier. Wat d'Haaptstrooss zu Wäiswampech ugeet, héiert een eraus, datt de Claude Daman kee Problem dermat huet, datt hei méi grouss Gebaier opgeriicht gi sinn. D'Servicer, déi hei ugebuede ginn, beispillsweis vun Dokteren oder dem Bäcker, géingen ëmmerhin zur Liewensqualitéit bäidroen. Am ënneschten Deel vu Wäiswampech an an deene klengen Dierfer wier dat awer anescht.
"Mir wëlle schonn, datt do eppes gebaut gëtt, et ass ebe just, et soll dee ländleche Charme behalen. Well eben och eng Zäit bëssi kritiséiert ginn ass, datt vill Leit vun deene klengen Dierfer fortgeplënnert sinn, well se keng Méiglechkeet haten, do eppes ze bauen, hätte mer scho gären, datt déi Baulücke gefëllt kënne ginn. Mee déi grouss Gebaier, wéi se déi lescht Zäit opgeriicht ginn, déi sollen éischter laanscht d'N7 bleiwen. Déi puer Baulücken, déi nach do sinn, do kann nach sou eppes opgeriicht ginn, awer de Rescht vum Duerf soll dee méi ländleche Charme behalen."
Deen neie PAG ass mëttlerweil op der Ligne droite. Déi gréissten Ännerungen am Verglach zu fréier wieren, datt méi op Zones habitation 1, also éischter Eefamilljenhaiser, a manner op Zones mixtes gesat gëtt. Et wéilt een donieft verhënneren, datt déi verschidden Uertschafte baulech zesummewuessen. Mat Bléck op de Projet vun engem Hotel um Wämper Séi hätten d'Leit zwar nach Froen, ma d'Stëmmung wier awer net méi sou negativ.
"Also ech gi reegelméisseg drop ugeschwat, wéi et da lo ass mam Séi, ob en dann nach zougänglech ass oder hei oder do. Well ebe lo d'Baustell ofgespaart ass, ech soen dann, jo et ass eng Baustell, eng Baustell muss ofgespaart sinn, et kann ee schlecht op enger Baustell ronderëmlafen. Mee a sech ass de Séi hannenno rëm normal op, Fësche kann normal gemaach ginn, all déi Saachen, déi lo um Séi gemaach konnte ginn, kënnen dono och rëm um Séi gemaach ginn. Sou datt, wann ee mat deene Leit schwätzt, sech déi ganz Situatioun berouegt."
Vill Leit géingen och fannen, datt sech den Hotel gutt an d'Natur afüügt. De Projet huet iwwerdeems Retard a wäert réischt am Juni, Juli d'nächst Joer opgoen. Mat Bléck op d'Finanze steet Wäiswampech net gutt do. De Claude Daman verweist do op d'Gemengefinanzreform aus dem Joer 2017. Wäiswampech géing all Joer 1,7 Milliounen Euro an de Fonds pour l'emploi abezuelen. Bei engem Budget vun 11 Milliounen Euro wieren dat relativ vill Suen. Et géif een elo ee Stéck wäit derfir bestrooft, datt ee méi Aarbechtsplaze wéi Awunner hätt. Déi Politik misst een eventuell an Zukunft iwwerdenken. Et misst ee Prioritéite setzen, an do wier virun allem den Ausbau vun der Primärschoul ze nennen. Ma och wann déi finanziell Situatioun net roseg ass, wier eng Fusioun mat den Nopere vun Ëlwen aktuell keen Thema. Déi Iddi wier weder intern nach extern diskutéiert ginn.