D'Demande no Covid-Tester huet nees zougeholl
Mam Hierscht klëmmt nees de Risiko, sech ze erkalen an eventuell och de Coronavirus ze erwëschen.
Ugangs Oktober waren dem Gesondheetsministère iwwer 350 Covid-Infektioune bekannt, gutt 300 méi, wéi nach virum Summer.
Och an den Apdikte spiert een, datt de Coronavirus nees méi verbreet ass. Jiddefalls hätt d'Demande no Covid-Schnelltester nees zougeholl, seet den Alain de Bourcy, President vum Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter.
Zënter dem Enn vun der Summervakanz ongeféier wier d’Vente vu sou Antigen-Tester erëm eropgaangen. Et wier ee laang net um Niveau vu wärend der Pandemie, mee et géif een dräimol méi verkafen, wéi nach am Fréijoer.
De Prinzip vun de Schnelltester wier ëmmer nach deen nämmlechten.
Al Covid-Tester, déi den Oflafdatum depasséiert hunn, sollt een onbedéngt ewechgeheien. Souwuel d’Flëssegkeet, wéi och de Support, wou een dës géif dropmaachen, kéinten nämlech ausdréchnen. Doduerch kéinten d’Resultater verfälscht ginn.
A verschiddenen Apdikte kann ee sech och ëmmer nach op RDV géint Covid impfe loossen. Et géifen do och nees eng Rei Demanden, virop fir Opfrëschungsimpfungen, sou nach den Alain de Bourcy.
Gesondheetsministesch reagéiert
Virun allem eeler Leit a vulnerabel Persoune kréie recommandéiert, sech impfen ze loossen. Aus verschiddenen Doktesch-Praxen héiert een, dass se net genuch Impfstoff hätten. Dat bestätegt och d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview. Wann d'Saison ugeet, wier d'Demande ëmmer extrem grouss an d'Liwwerunge kéimen no an no un. Dat wier an den anere Länner net anescht.
D'Gesondheetsministesch huet am Interview dann och op d'Zuele reagéiert, déi an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Sven Clement genannt ginn. Eng 750.000 Dose Covid-Impfstoff am Wäert vu 16 Milliounen Euro hu mussen zerstéiert ginn, well se ofgelaf waren. D'Paulette Lenert huet erkläert, dass een déi Zuel vun Dose geholl hätt, déi engem zoustanen hätt. Et wier een och geschleeft gi wärend der Pandemie, mam Reproche, dass een eventuell net genuch Impfstoff bestallt hätt. Et konnt een deen Ament net genee wëssen, wéi d'Situatioun evoluéiert, deemno konnt een net wëssen, ob een es ze vill oder ze mann bestallt hätt. Éier den Impfstoff ofgelaf war, gouf och eng gewëssen Unzuel dovunner u Länner geschéckt, wou nach Besoin war, ma d'Nofro war elo net méi wierklech grouss, erkläert d'Paulette Lenert, respektiv a verschiddene Länner war d'Infrastruktur net ginn, fir den Impfstoff esou ze killen, wéi en dat muss ginn.