Um Freideg sinn d'DP an CSV eng weider Kéier zu Senneng zesumme komm, eng éischte Kéier fir de Point vun den Aarbechtsgruppen ze maachen.

Koalitiounsgespréicher / Reportage Dany Rasqué

An de leschten 10 Deeg hätt ee vill Gespréicher gefouert, d’Ambiance wier nach ëmmer gutt, esou de Luc Frieden virun der Press. Bis ewell wier ee gutt virukomm mat der Aarbecht, d’Zil wier et, ee modernt an zukunftsorientéiert Land an de nächste 5 Joer ze gestalten.

Et géif keng fundamental Divergenzen tëscht der CSV an der DP ginn, esou de Luc Frieden, et géif ee spieren, dass een an eng gemeinsam Richtung zitt.

Aarbechtsgruppen hunn ugefaangen, Programmer beieneen ze leeën

No de villen Entrevuen, wou een nogelauschtert hätt, géif een an den 12 thematesche Gruppen elo kucken, d’Walprogrammer vu béide Parteien zesummenzeleeën. Dës géifen dat preparéieren, wat herno an der Plenière diskutéiert an decidéiert gëtt. Dat soll tëscht dem 6. an 8. November zu Senneng sinn, esou de Luc Frieden.

Fir de Xavier Bettel wier ee séier virukomm an den Aarbechtsgruppen. Den aktuelle Premier huet vun enger kollegialer Ambiance geschwat. Wat och fir de Claude Wiseler e wesentlecht Element wier. Och an den Aarbechtsgruppe kommen nach vereenzelt Experten zu Wuert.

Iwwert eng méiglech Zesummestellung vun der nächster Regierung wollt sech de Formateur Luc Frieden op Nofro nach net ze vill an d’Kaarte kucke loossen. Wuel hätt hie schonn déi eng oder aner Iddi, ma et wier elo ze fréi doriwwer ze schwätzen.

D’Lëscht mat de Nimm vun de Leit, déi an den Aarbechtsgruppe sinn, goufen och am Laf vum Dag publizéieren. Hei fënnt een den Detail.