Gréng verléieren un DP, DP verléiert un CSV
© Luc Biever/Flourish
Bei de Chamberwalen den 8. Oktober ass et zu deels bemierkenswäerte Changementer komm. Do stellt sech d'Fro no der Wielerwanderung; eng Analyse.
D'Dräierkoalitioun aus DP, LSAP an déi Gréng huet hir Majoritéit verluer an zwar eleng wéinst de massive Verloschter vun deene Gréngen, well souwuel déi Liberal wéi d'Sozialiste konnte Stëmmen derbäi gewannen, genee wéi eng CSV. Virun deem Hannergrond stellt sech d'Fro no der Wielerwanderung, an do läit elo een éischte Modell vir.
De Modell kënnt vum Luc Biever, dem fréieren Direkter vun der Ilres. Hien huet op Basis vun den op- an ofgerënnten Zuele vum Internetsite élections.lu berechent, wéi d'Stëmmen dëst Joer am Verglach mat 2018 vun enger Partei bei déi aner gewandert sinn. D'Method, déi en dobäi benotzt huet, heescht quadratesch Optiméierung. De Luc Biever erkläert, wat et mat där Method op sech huet.
"Dat mathematescht Zil vun där quadratescher Optiméierung, dat ass, datt d'Differenz an der Zomm iwwer all d'Parteien an d'Gemenge miniméiert gëtt. Dat heescht, wann dat miniméiert gëtt, da kommen ech der Iwwergangswarscheinlechkeet vun engem Punkt A oder vun enger Partei A op eng Partei B méi no."
Fir méiglechst homogen Donnéeë mateneen ze vergläichen, goufen d'Resultater vun deene véier Bezierker um Niveau vun de Gemengen als Basis geholl. De Luc Biever ënnersträicht awer och, datt säi Modell net eent zu eent der Realitéit entsprécht. Well et ee mathematescht a kee statistescht Verfaren ass, géif et och keng Feelerwarscheinlechkeet. D'Interpretatioun vun den Zuelen iwwerléisst de Luc Biever de Journalisten.
Déi Gréng an DP als Parteie vu Besserverdénger
Déi Gréng hu ronn 213.000 Stëmme verluer, mat 184.000 dee kloer gréissten Deel un d'DP. Béid Parteie schwätzen éischter Wieler un, déi finanziell besser do stinn. Déi mat engem staark ausgepräägte grénge Gewëssen, déi 2018 nach déi Gréng gewielt hunn, schéngen net zefridde mat der Aarbecht vun der Partei an deene leschte 5 Joer gewiescht ze sinn. Vläicht waren et awer och einfach ze vill Skandaler iwwert déi gesamt Legislatur, déi bei de Leit hänke bliwwe sinn. A wien et sech leeschte kann, dee wielt dann eben déi Liberal.
Wielerwanderung National / © Luc Biever/Flourish
Och wann déi insgesamt ronn 107.000 Stëmme gewonnen hunn, sinn hinnen awer 136.500 Wieler bei d'CSV ofgesprongen. Dat kéint sech mam "Effet Luc Frieden" erkläre loossen. Den CSV-Spëtzekandidat dierft mat sengem zimmlech liberale Profil ganz sécher éischter Wiesselwieler vun der DP ugezunn hunn, wéi viru 5 Joer de Claude Wiseler.
LSAP kritt vill nei Stëmme bäi
D'LSAP krut gutt 90.000 Stëmmen derbäi, méi wéi 55.000 koumen dobäi vun Neiwieler respektiv Leit, déi 2018 net gewielt hunn. Dat kéint op déi politesch onverbrauchte Spëtzekandidatin Paulette Lenert zeréckzeféiere sinn. Déi ronn 22.500 Wieler, déi vun deene Gréngen de Wee bei d'Sozialiste fonnt hunn, dierfte sech Suergen iwwert méiglech sozial Suitte vun där ëmmer rëm gefuerderter ökologescher Transitioun maachen.
D'ADR kann iwwerdeems knapp 70.000, am meeschte Stëmme vun de Piraten gewannen. Béid Parteie gëlle bis zu engem gewësse Grad als Ulafstell fir Protestwieler. D'Piraten hirersäits gewannen am meeschte Stëmme vun der CSV.
Interessant ass iwwerdeems och, datt d'Wielerwanderung jee no Bezierk ganz ënnerschiddlech ausfält. Sou gewënnt d'CSV am Oste guer keng Stëmme vun der DP.
Wielerwanderung Osten / © Luc Biever/Flourish
Dee gréissten Zouwuess kënnen déi Chrëschtsozial hei mat 4.500 Stëmmen op Käschte vun déi Lénk verbuchen. Et schéngt also schonn eng Roll ze spillen, wéi eng Kandidaten d'Parteien an deene verschiddene Bezierker an d'Course schécken.
Wielerwanderung Süden / © Luc Biever/Flourish
Wielerwanderung Zentrum / © Luc Biever/Flourish
Wielerwanderung Norden / © Luc Biever/Flourish