An der Zentrumsgemeng huet no de Walen d'Koalitioun geännert, mee d'Politik soll an der Kontinuitéit weidergoen. Déi vill Projete schloen awer an d'Suen.

Zu Steesel gëtt et zanter de Gemengewale vum 11. Juni eng nei Majoritéit. Aus enger LSAP-CSV- ass eng LSAP-DP-Koalitioun ginn, déi elo ronn 100 Deeg am Amt ass. Et gëtt vill geschafft, ma dat schléit och an d'Suen.

Steesel investéiert massiv; Suergekand PIDAL (Reportage Marc Hoscheid)

Ufank 2022 huet de Fernand Marchetti d'Successioun vum Jempi Klein um Buergermeeschterposte zu Steesel iwwerholl. Bei de Gemengewale gouf de 74 Joer ale Sozialist confirméiert. An deenen nächste Jore solle virun allem Projete weidergedriwwe ginn, déi schonn an der viregter Legislatur ugestouss goufen. De Käschtepunkt wäert awer ee gudde Krack méi héich ausfalen, wéi uganks erwaart. Aus 64 Milliounen Euro wäerte méi wéi 84 Milliounen Euro ginn. Engersäits, well Projete bäikomm sinn, mee och well d'Käschte vun deene grousse Projeten deels 25 Prozent méi deier ginn. Dee gréisste Projet ass den Ëmbau vum Steeseler Uertskär.

"Et gëtt eng Déifgarage, et gëtt och nach d'Märei ausgebaut, et kënnt eng gréng Long drop. An da kënnt och nach ee Shared space ronderëm, dat ass fir 2027/2028 geduecht. Mir sinn awer och nach am gaangen eng nei Schoul ze baue vu 14 neie Klasse plus 2 Klasse fir den Art à l'école, wat och ee Käschtepunkt ass vu 14 Milliounen, also un Aarbecht feelt et eis net."

 

Déi nei Schoul soll Stand lo fir d'Rentrée 2024 opgoen. Déi massiv Aarbechte wieren zwar net bei jidderengem gutt ukomm, mee déi meeschten Awunner géinge se awer Kaf huelen, well se vum Projet iwwerzeegt wieren. Et gëtt awer och e puer Suergekanner. Een dovunner ass deen neie Recyclingszenter. Dee soll an der Industriezone entstoen, mee wéinst Héichwaassergefor gouf et bis elo nach keng Autorisatioun. Hei hätt ee sech méi Entgéintkomme vum Waasserwirtschaftsamt erhofft, ëmmerhi wier een als Gemeng am Uelzechtdall zimmlech ageschränkt. Nach méi Problemer bereet awer déi interkommunal Schwämm PIDAL, déi vu Luerenzweiler, Steesel a Walfer zesumme bedriwwe gëtt. Den Ausbau gesäit de Fernand Marchetti éischter kritesch.

"Ech sinn och der Meenung, datt ee vläicht bei der PIDAL misst kucken, datt Schwammbassengen dobäikommen, datt dat eng Prioritéit gëtt. Mee ech kann als Buergermeeschter net dermat liewen, datt et Servicer ginn, déi am PIDAL sinn, déi am Moment nach defizitär sinn. An do muss mol fir d'éischt geschafft ginn, datt déi Servicer, déi Servicer, déi defizitär sinn, datt déi mol bénéficiaire ginn, an da sinn ech bereet, iwwert dat anert matzeschwätzen."

 

Well net garantéiert ass, datt d'Rettungsdéngschter vu Gaasperech an op d'mannst 15 Minutten zu Steesel, awer och zu Walfer an an engem Deel vun der Stad sinn, muss eng nei CGDIS-Kasär gebaut ginn. Et hätt ee sech schonn e puer Mol mam CGDIS gesinn an et wieren och 3 bis 4 méiglech Sitte proposéiert, awer nach keen definitiv zeréckbehale ginn. Am November kéimen déi 3 concernéiert Gemengen an de CGDIS nach eng Kéier beieneen, fir iwwert deen Dossier ze schwätzen.