Zu Bous-Waldbriedemes muss d'Fusioun nach richteg ukommen

© RTL/Archiv
Viru ronn 100 Deeg gouf den Antonio Da Costa als Buergermeeschter vereedegt.
Et huet allerdéngs bis den 1. September gedauert, bis hie säi Posten an der neier Fusiounsgemeng Bous-Waldbriedemes untriede konnt. Zanterhier geet et virun allem drëm, d'Fusioun praktesch op een Enn ze bréngen.
Eng Abberzuel u Reglementer, vun deenen zwou fréiere Gemenge Bous a Waldbriedemes mussen uneneen ugepasst ginn. D'Palett geet dobäi vum Offall iwwer d'Police, de Verkéier bis bei d'Waasser. Et géing ee sech dobäi och un den Texter vun anere Gemengen aus dem Osten, virum allem dem Kanton Réimech, orientéieren. Wat de Waasserpräis ugeet, läit den Taux variable zu Bous bei 2,80 Euro pro Kubikmeter, zu Waldbriedemes bei ronn 2 Euro. Deen zu Bous wier sou just käschtendeckend, dat misst och an der Fusiounsgemeng de Fall sinn.
"D'Tendenz ass éischter, jo datt de Präis éischter no uewen adaptéiert gëtt. Gutt, et hätt een och kéinten déi Jore virdru scho lues a lues adaptéieren. Mee da geet et vläicht op ee Coup, dat musse mer kucken. Op alle Fall, kënne mer d'Waassertax, wa se scho käschtendeckend ass, kënne mer net erofgoen an dann net méi käschtendeckend sinn."
Och d'Kollektivverträg vun de Gemengenaarbechter mussen uneneen ugepasst ginn. Dee gréisste Projet, deen déi nächste Joren usteet, ass de Bau vun engem neie Gemengenhaus zu Waldbriedemes. Et wäert awer bis d'nächst Joer daueren, bis d'Aarbechten am Conseil ufänken, dobäi géif dat neit Gebai definitiv gebraucht.
"Wat lo wierklech sou séier wéi méiglech muss ugerappt ginn, dat ass effektiv d'Gemeng. Well mir schaffe momentan op zwee Sitten. De Service technique ass lo zu Trënteng, d'Populatioun ass zu Bous, d'Gemengenaarbechter plënneren och all op Trënteng op hire Site. Dat ass e bëssi hin a hier, an ech ka mer virstellen, wann d'Leit bis all zesumme sëtzen, wat nach e bëssi wäert daueren, datt et da besser wäert rulle wéi elo op zwee verschiddene Sitten."
Weider Projeten, déi ugeduecht sinn, sinn ënnert anerem een neien Openthaltsraum fir d'Gemengenaarbechter zu Trënteng an d'Transformatioun vum ale Paschtoueschhaus vu Waldbriedemes zu engem Centre culturel. Well awer och nach vill Projeten aus der viregter Legislatur lafen, misst ee kucken, wéini ee mat deenen neien ufänkt. Finanziell stéing d'Gemeng op alle Fall ganz gutt do. D'Stëmmung am neie Gemengerot wier eenegermoosse gutt, mee awer och nach zimmlech flou. An deenen éischten zwou Sëtzungen hätt ee mol en neie Receveur ernannt an d'Syndikater verdeelt. Et hätt ee sech lo mol virgeholl, eng Sëtzung pro Mount ofzehalen.