Doomscrolling: De schiedleche Mediekonsum vum Gewunnechtsdéier "Mënsch"

© David Winter / RTL
Mam Psycholog André Melzer vun der Universitéit Lëtzebuerg hu mir eis am Sonndesinterview ënnert anerem iwwert dëse relativ neie Phenomen ënnerhalen.
Noriichten iwwert de Krich an der Ukrain, de Konflikt an Israel, Ëmweltkatastrophen, Accidenter, Pandemien, Mord oder Aarmut... Dag fir Dag erreechen eis op déi ënnerschiddlechste Weeër dës negativ Theemen, am Joer 2023 virun allem iwwert de Wee vum Internet, respektiv de soziale Medien.
"Doomscrolling" bedeit, sech exzessiv mat esou negativen Theemen auserneenzesetzen a ganz vill Zäit domadder ze verbréngen, fir dës negativ Noriichten, dacks um Smartphone oder Computer, ze konsuméieren. "Doom" steet hei fir "Onheel" oder "Ënnergang" a "scrolling" fir d'Bliederen, also d'Wëschen um Smartphone oder Tablet, eng Beweegung, déi jo sënnbildlech fir dat 21. Joerhonnert ass. Niewent dem "Doomscrolling" héiert een och mol nach de Begrëff "Doomsurfing", dee sech da méi op d'PC-User bezitt, wou éischter klassesch gesurft an net gescrollt gëtt. Am Laf vum Reportage wäerte mer, fir et ze vereinfachen, beim Begrëff vum "Doomscrolling" bleiwen.

© RTL Archiv
Den Däiwelskrees vum Algorithmus an der sozialer "Bubble"
Den André Melzer ass Psycholog, huet an Däitschland studéiert a promouvéiert a schafft zënter dem Joer 2008 op der Universitéit Lëtzebuerg, dat spezialiséiert an der Sozial- a Mediepsychologie. Seng Schwéierpunkte sinn déi interaktiv Medien, wéi sozial Medien a Videospiller an d'Geschlechterfuerschung.
Hie schwätzt beim Thema "Doomscrolling" vun engem Däiwelskrees an dee Mënsche gerode kënnen, wa se vun enger Katastrophen-Noriicht an déi nächst geschéckt ginn, ma awer och aktiv dono sichen. Mënschen hunn en natierlechen Drang fir sech z'informéieren an "up to date" ze bleiwen, dat ass virun allem de Fall, wann et si selwer betrëfft, respektiv et mat Persounen ze dinn huet, déi ee kennt an engem no stinn. Dëst ass och ganz normal a souguer evolutionär begrënnt a jee nodeem och vu Virdeel: "Und das wird zusätzlich befeuert und unterstützt durch beispielsweise Algorithmen in sozialen Netzwerken, in sozialen Medien. Das kennt jeder. Wenn man 5 Katzenvideos hintereinander gesucht und gekuckt hat, dann muss man sich nicht wundern, dass einem der Algorithmus das nächste Katzenvideo schon selbsttätig vorschlägt. Und ähnlich ist es halt entsprechend bei solchen Nachrichten. Man kann in einen Teufelskreis der negativen, der schlechten Nachrichten geraten."
Den André Melzer betount, dass een an esou en Däiwelskrees duerch Eegemotivatioun geréit, ma awer och ënnerstëtzt duerch dës genannten Algorithmen, déi engem d'Sujeten adaptéiert, sou ze soen fir jiddfereen individuell zougeschnidden, zerwéieren. Majo awer och duerch déi sozial Kontakter déi een huet (heinsdo als sozial "Bubble" bezeechent), kann een ëmmer méi déif an dës Spiral geroden: "Wir folgen denen Leuten, die uns auch interessieren, die für uns relevante und interessante Nachrichten posten und wenn die dann ebenfalls solche negativen Meldungen posten und wir denen folgen, geraten wir eben in diesen angesprochenen Teufelskreis, der dann zum Beispill zu diesem Doomscrolling, ein relativ neues Phänomen, führen kann."
Nach ni war et méi einfach an der Geschicht vun der Mënschheet, un Informatiounen ze kommen, wéi dat de Moment ass. Den Internet versuergt eis zu all Moment, praktesch iwwerall op der Welt mat den neisten Informatiounen. An deem, esou den André Melzer, kënne mer och praktesch net entkommen.
Ganz wichteg ze verstoen ass, dass Mënschen - an dat vergësst een dacks - sougenannte "Creatures of habit" sinn, also op däitsch "Gewohnheitstiere", op een dat elo wëll oder net. An et wier och duerchaus sënnvoll, dass ee sou e Verhalen, dat engem jo eppes bréngt, och bäibehält.
Wann een also zum Beispill op eng Informatiounsquell stéisst, déi fir ee selwer wichteg, hëllefräich oder/a relevant ass, da gëtt op dës Quell méi dacks zeréckgegraff, wéi op aner Quellen, déi dat manner oder guer net sinn. An dat notzen d'Algorithmen natierlech aus an ënnerstëtzen dës Gewunnechten och: "Wir Menschen wollen ungern raus aus unseren Gewohnheiten, weil das kostet Energie, man muss umlernen, 'das haben wir immer schon so gemacht, warum sollen wir das jetzt anders machen?' Menschen sind Gewohnheitstiere und machen ungern etwas Neues, von dem sie nicht wissen, wie es geht, was es bringt und ob es sich lohnt."
Selbstreflektioun ass kruzial beim Ëmgang mat Medien
Alles dat, wier och alles net schlëmm a géif och net automatesch zu Problemer féieren. Wichteg wier, dass ee säin eegent Handelen a Verhale vun Zäit zu Zäit reflektéiert, also gedanklech emol e Schratt zeréck mécht an driwwer nodenkt, wat een an sech do mécht a wéi et engem selwer domadder geet, respektiv wéi ee sech fillt: "Wenn man das Gefühl hat, das belastet mich, es beeinträchtigt mich, es behindert mich in irgend einer Art und Weise, muss man einfach sich überlegen: warum ist das so? Und der erste Schritt dahin ist etwas, was man erstmal leichtfertig abtun könnte als einen Trend. Aber das ist es nicht, es ist Achtsamkeit."

© David Winter / RTL
Et soll een sech, sou den André Melzer, bewosst sinn, wat ee grad mécht a wat an sou enger Situatioun mat engem passéiert, doduerch dass een dat mécht. Also wéi ass et, wann ech déi 5. Noriicht liesen, wat beispillsweis d'Hamas oder Israel gemaach huet. Wat dat genee mat engem mécht an dorobber och opzepassen, wier extrem schwéier. Ma genee dëst "bewosstent" Verhale wier awer den éischte Schratt, deen een als Mediekonsument maache soll. A genee well mer e Gewunnechtsdéier sinn, wier et och sou schwéier, do erauszekommen a seng Gewunnechten a Fro ze stellen: "Das Ganze kann völlig unterschiedliche Folgen hier haben und man sollte sich wirklich überlegen, auf allen psychischen Dimensionen, welche Effekte das hat. Also: Denke ich die ganze Zeit daran? Führt das zu negativem Denken? Wie geht es mir emotional damit? Wie fühle ich mich damit? Finde ich das belastend? Geht das vielleicht sogar auf mein Verhalten über? Also nicht nur dass ich danach suche, sondern, dass ich vielleicht den Drang habe, immer wieder danach zu suchen. Dass ich nicht abschalten kann, dass ich Schlafprobleme haben, dass ich unruhig werde... Das sind alles Warnsignale, die muss man erstmal an sich selber feststellen."
Medie si weder gutt, nach schlecht oder béis
Et dierf een net vergiessen, dass déi sozial Medien en zweeschneidegt Schwäert sinn: Op der enger Säit bidden dës Plattformen Informatiounen, déi eis belaaschte kënnen, op der anerer Säit, ginn et jo bäi Wäitem net nëmmen negativ Noriichten an Inhalter op Facebook, Twitter, Instagram a Co. Wat een awer weess, ass, dass Leit déi sech schlecht fillen, d'Tendenz hunn, sech bei Leit opzehalen oder mat Leit ze befaassen, déi sech och schlecht fillen. An dat kann e béid Richtungen Auswierkungen hunn: "Natürlich kann man dann in so eine, sagen wir mal "Jammerspirale" kommen, oder "Jammergesellschaft". Also dass Leute sich gegenseitig runterziehen. Auf der anderen Seite wissen wir, das sagt die Forschung auch ganz klar, kann so ein Austausch mit Gleichgesinnten, mit Personen denen es ähnlich geht, auch durchaus positive Effekte haben, man kann sich also gegenseitig helfen, auch aus diesem Teufelskreis raus zu kommen. Soziale Medien sind weder gut, noch durchgängig schlecht oder böse."
Et muss een sech also éischter d'Fro stellen, wat ee selwer domadder ufänkt a wat et och mat engem selwer mécht. Sech dat ëmmer virun A féieren, géif psychologesch gesinn eng extrem gutt Protektioun bidden, dass een eben net an sou eng Spiral geréit, déi et ëmmer méi schwéier mécht, aus eegener Kraaft ze verloossen a kann am schlëmmste Fall deelweis zu méi oder manner staarken depressiven Zoustänn féieren, wéi och zu Schlofproblemer oder gernerell dem Verschlechtere vu sengem Ëmgang mam sozialen Ëmfeld.
Medie sinn iwwregens ni den eenzege Facteur, deen duergeet, fir zu engem gewëssen Effekt ze féieren. Grondsätzlech muss een oppassen, wéi eng Medien, op wéi eng Manéier genotzt ginn a vu wiem se genotzt ginn. D'Bild, dass d'Medien esou wierken, dass se eis alleguerte manipuléieren, wéi eng "Schlaang e Kanéngche manipuléiert", sou dass d'Kanéngche sech net méi beweege kann a vun der Schlaang giess gëtt, ass e Bild, dat längst der Vergaangenheet ugehéiert, sou de Medienpsycholog. "Es ist so, dass wir in der Medienpsychologie klar davon ausgehen müssen, dass Nutzerinnen und Nutzer immer aktiv sind, das heißt wir suchen die Sachen. Natürlich versuchen uns dann Algorythmen auf eine bestimmte Fährte zu locken, aber letztendlich entscheiden immer wir. Es ist immer das Wechselspiel aus dem "wer" nutzt, "wie" genutzt wird, was das Angebot ist und was die Interaktion daraus ist. Das heißt: Was ist die Wechselwirkung? Und das macht es halt schwierig vorherzusagen, dass 'wenn du die Medien nutzt, wird das und das passieren..."
Hei muss ee verstoen, dass ganz vill aner Facteuren eng Roll spillen. Beispillsweis kann eng Persoun méi vulnerabel, respektiv empfänglech si fir esou Effekter sinn oder schonn am Virfeld eng depressiv Symptomatik matbréngen. Falls een da bestëmmte Medie consomméiert, kéint een dëst dann domadder verstäerken. Een, dee sech wuel a senger Haut fillt, weess, dass en e "Wäert" huet, e gudde Beruff huet, kuerz: zefridden ass mat sengem Liewen. Sou eng Persoun wäert dann och an der Reegel net sou beaflossbar vu Medie sinn. Et kann een also net pauschal soen, dass duerch d'Notze vu bestëmmte Medien, bestëmmten Effekter beim Mënsch ausgeléist ginn. Den André Melzer gëtt dann och ze bedenken, dass genee dat d'Aarbecht fir d'Psychologe méi schwéier mécht, well et keng einfach Äntwerten op dës Froe ginn, wéi iwwregens an deene meeschten Aspekter vum Liewen.
De Mënsch ass en "Animal of habit" a sicht dacks einfach Äntwerten
Einfach Léisungen an Äntwerten op Froen ass genee dat, wat vill Leit sichen. Wann eng Persoun, gepräägt ass vun hirem Charakter, hirer perséinlecher Liewenssituatioun a Geschicht, wäert dës Persoun och entspriechend deem geziilt Informatioune sichen. Dat géif ee beim Volet vum "Hatespeech" erkennen, awer och bei der Radikaliséierung vu Leit, well och hei mat einfachen Äntwerte gespillt gëtt. Och Verschwörungstheorien a Politikverdrossenheet ginn esou gestäerkt an ass och eng Erklärung, wisou am Moment sou vill Leit dës Weeër aschloen, fir sech d'Welt z'erklären. A sech misst een also alles grondsätzlech hannerfroen, obwuel mer zäitgläich einfach Äntwerten a Léisunge wëllen hunn. Aner Positiounen ze héieren, Alternativen zouzeloossen an eng aner Richtung ze denken..., alles Saachen déi Energie a Kraaft kaschten. Wann mer awer einfach Äntwerten an eng Richtung kréien, déi eng Persoun souwisou schonn ageschloen huet, dann huet een als "animal of habit" natierlech eng kloer Preferenz. An da kann et eben an eng negativ Richtung goen, dat géif och d'Radikaliséierungsfuerschung eendeiteg weisen.

© David Winter / RTL
D'Medie selwer hunn dann och eng Verantwortung, kloer, ma déi, sou den André Melzer, géif dacks ebe mat ekonomesche Gesiichtspunkte kommen, wéi beispillsweis eng méiglechst grouss Opmierksamkeet: "Medien haben eine Verantwortung und ich weiß, dass es auch in Luxemburg einen "Code of Conduct" gibt, für die verschiedenen Medien-Produzierenden für die Medienhäuser. Und das ist auch sehr wichtig, also Medien müssen sich immer auch ihrer Verantwortung bewusst sein. Medien steuern Informationen, es liegt am Ende aber immer an den Rezipientinnen und Rezipienten, diejenigen die sich die Nachrichten ansehen, die die Zeitung lesen, die sich im Internet die entsprechenden Beiträge anhören, was sie damit machen."
Wouvun ee sech dem André Melzer no och léise misst, wier d'Andeelung vu "gudden" a "béise" Medien. Et géifen awer ganz kloer an däitlech Ënnerscheeder bei der Qualitéit vu Medie ginn an dëst misst een och ënnerscheede kënnen.
Déi Saach mat der "Mediekompetenz"
Am Kader vun der Mediekompetenz sinn et virun allem Kanner, déi am Nodeel sinn, well ënnert engem gewëssen Entwécklungsalter dës Alterskategorie einfach nach net tëscht Fiktioun a Realitéit ënnerscheede kann a villes fir bor Mënz geholl gëtt. Ma zu Mediekompetenz gehéiert awer och, wéi kuerz virdrun ugeschwat, anzeschätzen, wéi qualitativ héichwäerteg Informatioune sinn a wéi eng net. Dëst muss geléiert ginn. Hei géif den Alter eng grouss Roll spillen, awer net déi eenzeg. Beispillsweis spillt d'Erfarung mat Medien an d'Erfarung mat enger grousser Palett u verschiddene Medien eng weider wichteg Roll. Da kommen awer och nach d'Elteren dobäi an déi sougenannte Peers, also d'Frëndinnen a Frënn oder d'Schoulkolleegen, also Stéchwuert "soziaalt Léieren": "Also wir lernen wie andere etwas nutzen und übernehmen das, wir müssen das selber gar nicht gemacht haben. So lernen Kinder ganz erheblich. Die lernen halt von ihren Altersgleichen, also den Peers. Sie lernen natürlich von den Eltern, sie lernen natürlich auch in der Schule von den Lehrerinnen und Lehrern. [...] Schule und Eltern haben natürlich auch eine wichtige Aufgabe. Eltern werde ich immer empfehlen, was das Thema Mediennutzung angeht, sich zu interessieren, dafür was ihre Kinder machen, gleichzeitig aber auch mit den Kindern sprechen und fragen 'Warum machst du das so?'"
Dës Diskussioun gëtt et an der Psychologie schonn zënter 20-30 Joer beim Notze vu Gewaltmedien, virun allem bei Videospiller. Hei kennt wuel jiddwereen déi mëttlerweil falsch Thees, dass de Konsum vu gewaltverherrlechende Videospiller bei Kanner Gewaltbereetschaft ausléist. Hei wier et méi wichteg als Eltere vun de Kanner gewuer ze ginn, wisou si sou Spiller spillen an sech fir d'Spillgewunnechte vun de Kanner interesséieren an iwwerhaapt mol wëssen, dass dës Spiller gespillt ginn. Sou kann ee Kanner dann op eng ganz entspaante Manéier Mediekompetenz méi no bréngen.
*Op d'Theematik vum psychologeschen Ëmgang mat Videospiller, wäerte mer déi nächst Woch an engem weidere Reportage mam André Melzer agoen.