Virun allem de Bau an d'Industrie hätten an de leschte Jore staark gelidden
© RTL Archiv
Tëscht 2020 an 2024 hätt et am Bau e Réckgang vun 3% , an der Industrie vun 2% ginn, sou den Aarbechtsminister Georges Mischo en Donneschdeg um Krautmaart.
"Eis Prioritéit ass a bleift et, Leit an der Beschäftegung ze halen, nei Perspektiven opzemaachen an eng resilient, nohalteg an inklusiv Ekonomie ze schafen." Dat huet den Aarbechtsminister Georges Mischo en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber am Kader vun enger erweiderter Fro iwwert de Chômage betount.
Op d’Fro vum DP-Deputéierten André Bauler huet de Minister erkläert, datt virun allem de Bau an d’Industrie an de leschte Jore gelidden hunn an e markanten Ofbau an der Beschäftegung hu missen a Kaf huelen. Tëscht 2020 an 2024 hätt et am Bau e Réckgang vun 3% an an der Industrie vun 2% ginn.
Ee vun de Grënn wier de Réckgang vun der Demande um Immobiliemarché. D’Erausfuerderunge wieren do, mee och Léisungen, sou de Georges Mischo, deen ënnert anerem op d’Wichtegkeet vu Formatioune gepocht huet, déi och vun der Adem ugebuede géife ginn. Et géif ee weider op Qualifikatioun, Partnerschafte mat de Betriber an op eng dauerhaft Moderniséierung vun eisem Aarbechtsmarché sëtzen.