Regierung misst allerdéngs méi géint Aarmut maachen. Op der anerer säit wieren d'Ausgabe fir d'Defense exzessiv.

Alarmistesch Messagen iwwert d’Staatsfinanze sinn net gerechtfäerdegt. Dat soten d’Vertrieder vun der Salariatskummer bei der Presentatioun vun hirem Avis zum Budgetsprojet fir d’nächst Joer an de budgetäre Programm bis 2029.

Ouni d’Investissementer wier de Solde ëm 3 Milliarden Euro positiv. Och wann d’wirtschaftlech Croissance an den Emploi fragil wieren, wier Lëtzebuerg a Punkto Staatsscholden d’nächst Joer de beschte Schüler an der europäescher Unioun.
E schlechte Schüler wier de Grand-Duché awer a Punkto Aarmut trotz Aarbecht.

D’Salariatskummer huet dowéinst d’Regierung an d’Chamber opgeruff, méi géint Aarmut ze maachen, haaptsächlech am Logement.

D’Hausse vun den Ausgabe fir d’Defense ass de Vertrieder vum Salariat no exzessiv. D’Depense fir bezuelbare Wunnraum géinge stagnéieren, déi fir de Klima- an Energiefong zeréckgoen, mee déi fir de Militärfong géifen explodéieren.

RTL

© Sam Bouchon / RTL