European Testing Week: Testen. Traitéieren. Verhënneren.
Dëst ass eng europäesch Initiativ, déi d’Leit dozou encouragéiere soll, sech op sexuell iwwerdrobar Infektiounen testen ze loossen.
Dem Europäeschen Zentrum fir Krankheetspréventioun a -kontroll, kuerz ECDC, huelen e puer sexuell iwwerdrobar Infektioune weider zou, dorënner Gonorrhö a Syphilis. Ongeféier 2/3 vun alle sexuell iwwerdroenen Infektioune komme bei Leit ënner 25 Joer vir. Ee Véierel vun den Neiinfektioune bei Jugendlechen. Vill vun de sexuellen Infektioune kënnen hautdesdaags evitéiert oder behandelt ginn, wann ee fréi genuch reagéiert.
Fir d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren, schaffen d’HIV-Berodung vum Roude Kräiz, de Planning Familial an d’Gesondheetsministère zesummen an ënnersträichen, wéi wichteg et ass, sech méiglech dacks a reegelméisseg testen ze loossen. Domat kéint een net nëmme schwéier Krankheetsverleef evitéieren, mee och, dass d‘Infektioune sech weider verbreeden. Verschidde Laboen – dorënner Ketterthill, BioneXt a Laboratoires Réunis – bidden an deem Kader gratis an anonym Tester un. Och d'Jugendinfo, eng ASBL, wou Jugendlecher Informatiounen an Hëllef kréien, setzt sech an, andeems sinn am ganze Land mat Jonker a Kontakt trieden, Kondomer ausdeelen an iwwer Präventioun opklären. Den Dr. Gaël Claquin, vun der Gesondheetsinspektioun.
"C'est l'occasion d'en parler avec les jeunes, les moins jeunes, un peu tout le monde et dans un couple aussi. Ça peut aussi être l'occasion de se dire : bon, moi j‘en ai eu, je me suis traité, comment c‘était pour toi? Est-ce qu'on n'irait pas s‘engager ensemble, comme on voudrait arrêter de prendre des préservatifs, et faire un test? Faire les tests pour savoir où on est tous les deux et puis pouvoir avancer ensemble en connaissance et en confiance."
Zuelen hei zu Lëtzebuerg weisen, dass sexuell iwwerdrobar Infektiounen an de leschte Joren däitlech zougeholl hunn an ëmmer méi jonk Leit betraff sinn. Fäll vu Gonorrhö sinn am Verglach mat 2023 ëm 14 Prozent geklommen, Syphilis-Fäll souguer ëm méi wéi 1/3. Am meeschte betraff si Männer tëscht 20 an 39 Joer. D’Chlamydie bleiwen am Allgemenge stabil, bei jonke Fraen tëscht 20 a 24 Joer gëtt awer eng däitlech Hausse observéiert. Eng positiv Entwécklung gëtt et beim HIV: d’Zuel vun de Neiinfektiounen ass 2024 ëm bal 1/3 zeréckgaangen.
"C‘est beaucoup lié aux types de population. Par exemple, on va dire qu'il y a une certaine franche de population d‘hommes qui ont des rapports sexuels avec des hommes qui ne se protègent pas beaucoup et qui ont beaucoup de partenaires, ce n'est pas du tout généralisé, mais c‘est quelque chose qui existe. Donc on va s'apercevoir que dans cette population particulière, plus qu‘une autre, on a plus de transmission de syphilis et de gonocoque."
Och wann déi meescht sexuell iwwerdrobar Infektioune keng oder bal keng direkt bemierkbare Symptomer hunn, kënne si eescht Konsequenze fir d'Gesondheet hunn. Dorënner Onfruchtbarkeet wéinst Chlamydien, Kriibs als Resultat vun Infektioune mam mënschleche Papillomavirus (HPV) oder nach AIDS wéinst der HIV-Infektioun.
"Il ne faut vraiment pas s'enfermer. Parce qu'il y a des solutions. Globalement, on peut tout traîner, pas toujours avec 100% de succès, mais quand même. Même l'hépatite C maintenant, les hépatites B ont des traitements. Le VH se soigne très bien, comme on disait. Les bactéries, alors, il y a de plus en plus de résistance, mais on a encore des armes."
Sexuell iwwerdrobar Krankheete kënne vun enger Persoun op déi aner duerch sexuelle Kontakt mat oder ouni Penetratioun iwwerdroe ginn. Fir eng Infektioun ze vermeiden, däerfen infizéiert Kierperflëssegkeeten (besonnesch Blutt, Spermien a Vaginalsekretiounen) net a Kontakt mat de Schläimhait vun de Genitalien, dem Anus, dem Mond oder mat Hautverletzunge vum Partner kommen. No enger méiglecher Infektioun soll een esou séier wéi méiglech e Screening maachen a sech beim Dokter oder engem spezialiséierte Service berode loossen.
Präventioun fänkt mat einfache Schrëtt un: Kondomer benotzen a reegelméisseg Tester maachen. Bei enger diagnostizéierter sexueller Infektioun soll ee säi Partner informéieren, d’Behandlung konsequent duerchzéien a sech, wa méiglech, impfe loossen.