"All Bierger soll een Accès zu héichwäerteger medezinescher Versuergung kréien"
Dat huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez um Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber betount.
"Eise Gesondheetssystem baséiert dorop, datt all Bierger e gläichberechtegen Zougang zu enger héichwäerteger medezinescher Versuergung kritt an dat soll och esou bleiwen!". Dat huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber betount, wou et ëm d’Erweiderung vu medezinescher Versuergung ausserhalb vun de Spideeler gaangen ass.
D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet an hirer erweiderter Fro un d'Gesondheetsministesch virun allem betount, datt et drëm géif goen, d'Waardezäiten fir d'Patienten ze verkierzen andeems verschidden Interventiounen och baussent de Spideeler méiglech sinn a wollt wëssen, "ënnert wéi enge Konditiounen et soll méiglech ginn, niewent der Spidolsoffer, eng extra-hospitalière medezinesch Struktur opzemaachen, déi esou kleng Interventiounen an Ënnersichungen ubitt?"
D'Martin Deprez huet doropshin virop ënnerstrach, datt bis Enn dës Joers verschidde Changementer an der Chamber gestëmmt wäerte ginn. Zum Beispill datt kleng Interventiounen un der Haut oder den Aen baussent de Spideeler méiglech sinn, awer och "Alles wat d'Imagerie médicale ass, zum Beispill IRM a Mammographie, Dialyse, Onkologie, net-chirurgesch Agrëff wéi Endoskopien."
Ufank 2026 soll dann och d’Spidolsgesetz modifiéiert ginn:
"Wou mer dann och Dokteren d'Méiglechkeet ginn, eng Demande eranzeginn, fir esou Aktivitéiten ausserhalb vum Spidol, ënner deene selwechte Konditiounen ze offréieren, wéi dat elo ee Spidol ka maachen."
Déi ämmlecht Konditiounen géifen och fir d'Patienten gëllen, fir déi weider alles iwwert d'CNS leeft:
"Jo, och d'Doktere kréien eng änlech finanziell Ënnerstëtzung iwwer eng forfaitär Ofrechnung nieft hirem eigentleche medezineschen Akt, fir deen et schonn en Tarif gëtt. Neen, eis Spideeler wäerten net geschwächt ginn."
Et géif bei dësen Ännerunge virun allem drëm goen, d'Waardezäite fir d'Patienten ze verkierzen sou nach d'Gesondheetsministesch.