Dikrech: Nei Koalitioun, al Problemer

© RTL/Archiv
De Charel Weiler steet elo zanter ronn 100 Deeg un der Spëtzt vun enger konservativ-liberaler-Koalitioun.
Den 11. Juni ass et bei de Gemengewalen zu Dikrech zu engem zolitte Changement komm. No 12 Joer absolutter LSAP-Majoritéit hunn d'Sozialisten zwee Sëtz verluer an CSV an DP jee ee gewonnen.
De Charel Weiler steet elo zanter ronn 100 Deeg un der Spëtzt vun enger konservativ-liberaler-Koalitioun, an d'Opschaffe vun der Vergaangenheet spillt bis elo eng wichteg Roll. Mat virop dem Site an der Rue de l'Hôpital, op deem am Fong eng Maison relais an eng Senioreresidenz entstoe sollten.
Wärend d'Maison relais zanter der Rentrée op ass, gouf de Projet vun der Senioreresidenz, wou Privatpersounen Zëmmeren hätte solle kënne kafen, vum Verwaltungsgeriicht gekippt. Dat, well den Terrain an enger "Zone de bâtiments et d'équipements publics" läit. Dono hat de viregte Schäfferot envisagéiert, ee Gebai fir de Conservatoire du Nord op där Plaz ze bauen.
Ma déi nei Majoritéit géing hei léiwer een Ausbau vun der Primärschoul, déi quasi direkt niewendru läit, realiséieren, esou den Dikrecher Buergermeeschter Charel Weiler.
"Mir hu lo decidéiert, datt mer mol nach eng Kéier préiwe loossen, ob op deem Terrain net eventuell d'Extensioun vum Schoulkomplex méiglech ass. Déi Expertis hu mer allerdéngs nach net. A wat de Conservatoire betrëfft, do hu mer och d'Acteure schonn an enger Reunioun gehat, wou mer zougeséchert hunn, datt mer kucken, een neie Conservatoire ze kréien. Op wéi engem Site, dat bleift ofzewaarden."
Sollt sech de Site an der Rue de l'Hôpital net fir eng Annexe vun der Primärschoul eegnen, wier de Bau vun engem neie Conservatoire op där Plaz nach ëmmer eng méiglech Alternativ. Een anere Chantier ass d'Decisioun vun der viregter Majoritéit, d'Grondsteier op Bau-Parzellen, déi brooch leie gelooss ginn, ëm dat Zwanzeg-Facht ze erhéijen. D'Verwaltungsgeriicht hat dat an éischter Instanz verworf. De Charel Weiler weist sech hei nach ganz virsiichteg.
"Et ass lo um Geriicht u sech ze decidéieren, ob dat confirméiert gëtt, wat an éischter Instanz gesprach ginn ass oder net. An da musse mer ofwaarden, wat dobäi erauskënnt. Natierlech, wann et confirméiert géing ginn, dann huet dat natierlech Repercussiounen op d'Gemeng, och um finanziellen Niveau. Do muss een herno d'Konsequenzen da kucken, wéi mer déi dann assuméieren."
An der leschter Legislatur hat déi deemoleg Oppositioun kritiséiert, datt net kloer wier, wéi vill Leit den nei geschaafte Busdéngscht Loui-Express géingen notzen an deem seng Existenzberechtegung a Fro gestallt. D'LSAP-Majoritéit hat och keng Zuele publizéiert. Dem Charel Weiler no géing ee bis Enn dës Joers waarden, fir eng Evaluatioun ze maachen, fir ze kucken, wéi een dee Service verbessere kéint. Vun engem Ofschafe wollt hien net direkt schwätzen.