Péiteng: Méi Sécherheet, manner Wuesstem

© RTL/Archiv
Bei de Gemengewalen den 11. Juni war d'CSV zu Péiteng dee grousse Verléierer.
Mat enger erneierter Ekipp goung et vu ronn 41 Prozent am Joer 2017 op ronn 29 Prozent erof, vun 8 Sëtz bloufen der nach 6 iwwreg. Ma trotzdeem gouf et op en Neits eng CSV-LSAP-Koalitioun. Ee Wiessel gouf et iwwerdeems um Poste vum Buergermeeschter, wou de Jean-Marie Halsdorf säi Parteikolleeg Pierre Melina ersat huet. Deen neie Gemengepapp ass zanter ronn 100 Deeg um Rudder. Hie wëllt un d'Politik vu sengem Virgänger uknäppen, ouni dobäi stoen ze bleiwen.
Ënnert anerem am Beräich vun der Sécherheet, virun de Walen ee vun den Haaptsujeten, géing sech eppes doen. Geschwë géifen zwee weider Agents municipauxen agestallt ginn, domadder hätt d'Gemeng Péiteng der aacht. Et stéing een och a reegelméissegem Austausch mam lokale Policekommissär.
"All dräi Méint gesi mer hien an da kucke mer, wou Schwéierpunkte sinn, wou Probleemer an der Gemeng sinn a wéi mer déi Probleemer zesumme kënne léisen, respektiv verbesseren. An deem Sënn si mer och um Ball. Dat heescht, et muss ee lo dervun ausgoen, datt mer an deenen nächste Méint méi Agenten um Terrain wäerte gesinn. An och mat der Police maache mer Strategien, eng Kéier gëtt mol méi dat eent oder eng Kéier méi dat anert gekuckt, dat diskutéiere mer dann ënnerteneen."
Zudeem soll de lokale Plan de sécurité aus dem Joer 2007 an deenen nächste Méint op de Leescht geholl ginn. Wat d'Parkméiglechkeeten ugeet, wéilt een op Parkhaiser setzen, dat nächst wäert an der Nidderkuerer Strooss beim Péitenger Kierfecht entstoen. Virun de Geschäfter soll d'Parkzäit iwwerdeems kloer limitéiert ginn, fir ze verhënneren, datt dës vu Frontaliere blockéiert ginn. Mat ronn 20.000 Awunner ass Péiteng awunnertechnesch déi fënneftgréisste Gemeng vum Land. Dee staarke Wuesstem vun deene leschte Jore wéilt een awer net an deem Mooss weiderféieren.
"Ech hat am éischte Gemengerot scho gesot, datt mer am Wuesstem e bëssi musse stoppen. Well Wuesstem heescht ebe justement och, Plaze kreéieren a Maison Relaisen a Schoulen. A well mer sou explosiv gewuess sinn, hu mer jo een Defizit a Maison-relais-Plazen. Wou jo lo zu déi zu Rolleng, zu Lamadelaine ass ee Gebai opgaangen, zu Péiteng ass en Face vum Hotel Threeland ass och ee Gebai an der Maach. An zu Rodange hu mer ee Projet vun 72 Milliounen, wou eng Maison Relais gebaut gëtt, mat enger Schoul, mat engem ënnerierdesche Parking a mat enger Sportshal fir de Schoulsport."
Virun de Walen hat d'Oppositioun kritiséiert, d'Majoritéit géing net transparent kommunizéieren. Dee Virworf weist de Jean-Marie Halsdorf zeréck, et hätt een d'Bierger nach ëmmer informéiert. Hie verweist zudeem dorop, datt mëttlerweil all d'Gemengerotssëtzunge live am Internet iwwerdroe ginn. Finanziell steet Péiteng mat enger Schold vu ronn 90 Euro op de Kapp vergläichsweis gutt do. De Jean-Marie Halsdorf ënnersträicht, datt déi virsiichteg Finanzpolitik vun deene leschte Joren och an Zukunft eent zu eent weidergefouert soll ginn.