Groussbus-Wal: Fusioun als "Herkulesaarbecht"

De Buergermeeschter Paul Engel an déi Éischte Schäffin Christiane Thommes-Bach. Virun der Fusioun stoungen déi zwee Lokalpolitiker jeeweils un der Spëtzt vun de Gemenge Groussbus a Wal. / © Pit Everling RTL/Archiv
Viru ronn 100 Deeg gouf de Paul Engel als Buergermeeschter vereedegt.
Hie misst sech awer bis den 1. September gedëllegen, bis en offiziell un der Spëtzt vun der Fusiounsgemeng Groussbus-Wal stoung. Och wann een eng Zäit op deen Zesummeschloss higeschafft huet, wier een elo awer mat méi Aarbecht konfrontéiert, wéi erwaart.
Dat hätt awer keen negativen Impakt op d'Stëmmung am Gemengerot, déi wier gutt. Och tëscht him an der Éischter Schäffin Christiane Thommes-Bach, fréier Buergermeeschtesch vu Wal, géing et kee béisst Blutt ginn, mee et géif een Hand an Hand matenee schaffen. An ze schaffe gëtt et dem Paul Engel no genuch:
"Et ass zwar awer trotzdeem eng Herkulesaarbecht. Et mierkt een net ëmmer, wat alles op een duer kënnt, et ass an der Klengegkeet, wou am Fong geholl de Problem läit. An do muss am Fong geholl vill uneneen ugepasst ginn. Mir si lo och bal an deem Rhythmus dran, wou mer eemol de Mount ee Gemengerot maachen a wou mer och probéieren, déi eenzel Saachen unzepassen. Mir haten natierlech lo an der Virlafszäit schonn d'Reglementer ugepasst, dat heescht souwuel beim Waasser wéi beim Ofwaasser."
Et misst ee bedenken, datt béid Gemenge jee eng Geschicht vun 175 Joer géife matbréngen. Wat zukünfteg Aarbechten ugeet, fale virun allem Infrastrukturaarbechten, wéi d'Erneierung vum Kanalnetz, un. Déi zwee gréisste Projeten, déi ustinn respektiv deels schonn amgaange sinn, sinn de Bau vun enger neier Gemeng zu Groussbus an den Ausbau vun der Schoul.
"De Moment si mer amgaange mam Gemengenhaus mat bauen. Do sinn d'Archeologen nach amgaangen hire Chantier ofzeriichten a mam Depistage banne fänke se u lasszeleeën, sou datt déi Saache gutt virukommen. Den Ausbau vun der Schoul zu Groussbus si mer amgaang mat plangen, do fuere mer lo weider, den Ausbau ze maachen. Aktuell ass schonn eng Klass aus Groussbus op Gréiwels an ee Klassesall komm, well mer eben zu Groussbus ufänken e bëssi enk ze ginn."
Trotz der Fusioun wier een awer nach ëmmer eng kleng Landgemeng, déi finanziell Mooss hale misst. Wichteg wier lo virun allem, datt d'Fusioun lues a lues och an de Käpp vun de Leit ukënnt. Dowéinst huet een eng Fusiounskommissioun an d'Liewe geruff, déi aus Bierger aus der Gemeng besteet an déi onofhängeg vun der Politik schaffe soll.