Am Kader vun eiser Serie iwwer d‘Deputéiert, déi fir d‘éischt an der Chamber sinn, stelle mir Iech de Christophe Hansen vir.

Aus dem Europaparlament, eng éischt kéier op Lëtzebuerg. Mat 41 Joer huet de Christophe Hansen e leschten Dënschdeg seng éischt Schrëtt an der Chamber gemaach. Eng Tëschestatioun, um Wee fir e Ministesch-Posten?

"Ech hat ni geduecht dat ech an d'Politik géif goen.", esou dee frësch an d'Chamber gewielte Christophe Hansen. Keen neit Gesiicht, an der Politik. An awer.

Déi politesch Karriäre vum neien Deputéierten aus dem Norden ass u sech atypesch. Mat vir d'éischt Stroossbuerg, respektiv Bréissel an dann elo eréischt dem Krautmaart.

De Christophe Hansen erënnert sech: "Deemools wéi ech studéiert hunn, dat war e bësschen den Zoufall dat ech beim Astrid Lulling gelant sinn. Hatt hat un d'Stroossbuerger Studente geschriwwen, hat e Stage do ausgeschriwwen. An dunn hat ech mech fir dee Stage gemellt. Well ech geduecht hunn, dat ass gutt fir den CV. Duerno huet hatt mech gefrot fir ze bleiwen."

2014 ass de Christophe Hansen fir d'CSV mat an d'Europawale gaange. Et sollt awer bis September 2018 daueren, iert hien op Stroossbuerg nogerutscht ass. Um Ament, wou d'Viviane Reding deemools, zeréck an d'National Politik koum.

No 5 Joer tëscht Stroossbuerg a Bréissel, huet de Christophe Hansen d'Decisioun getraff, zeréck an d'Land ze kommen. Fir e Walkampf, wou fir d'Partei ganz vill vum Spill stoung.

"Eng vun de grousse Missioune war dat mer zeréck an d'Regierung kommen. Do hunn ech mäin Deel misse bäileeën. Fir dat mer am Norden de 4. Sëtzt halen."

D'CSV huet hier 21 Sëtz behal. Stellt am Kader vun de Koalitiouns-Verhandlungen, mam Luc Frieden och de Formateur. Verhandlunge bei deenen de Christophe Hansen mat um Dësch sëtzt. E Ministesch-Poste géif de fréieren Europadeputéierten, deen Ëmwelt studéiert huet, natierlech net refuséieren.

"Do wäert ech mech net wieder dozou äusseren. Ech well hei zu Lëtzebuerg mat upaken, fir d'Land no vir ze bréngen. Egal op wat fir engem Posten."

Deputéierten aus dem Norden, läit dem CSV Politiker d'Entwécklung vu senger Heemechts-Regioun um Häerz. Vu Mobilitéit, Stéchwuert N7 an Ettelbrécker-Contournement, Wunnen a Schaffen, mat méi Aarbechtsplazen am Norde bis d'Gesondheetsversuergung.

Als begeeschterte Vëlosfuerer leet de Christophe Hansen och e grousse Wäert op d'Wieder-Entwécklung vum Tourismus. Vu Wanderweeër, Ausflich mam Motorrad bis d'Kulturell Offer. Och zu Klierf, wou d'Famille Hansen zanter Kuerzem wunnt, kéint een nach munches beweegen.