Gerechtegkeet, Solidaritéit a Mënscherechter. Dofir wëll Lëtzebuerg stoen. Beim Thema Mënscherechter awer hänkt een hannendrun.

Enger neier Ännerung vum Ausseminister Jean Asselborn no dierfe männlech Flüchtlingen déi eleng reesen a schonn - den Dublin-Reglementer no - an engem aneren EU-Land Asyl ugefrot hunn, net méi an de Flüchtlingsstrukturen zu Lëtzebuerg opgeholl ginn. Se kommen op eng Waardelëscht. Resultat: Battere Misär op der Strooss am Grand-Duché. Well déi mannst loosse sech no engem liewensgeféierlechen Trajet iwwer Jore vun enger Waardelëscht demotivéieren. Lëtzebuerg vu senger ellener Säit.

De Pont Adolphe an der Stad. Wärend déi eng am Tram um Wee fir heem sinn, hunn déi aner e puer Meter méi déif hiert Zelt opgeschloen. E Méindeg waren et der nach zwee, en Dënschdeg scho 6. En informelle Camp ouni Toiletten an ouni fléissend Waasser. Mir treffen de Mohamed. Streetworker kommen hie siche fir an d'Spidol. D'Keelt vun de leschten Deeg maachen ëm ze schafen. En huet héicht Féiwer.

"Et ass ze kal. Mir schlofen op der Strooss. Ech fille mech wierklech net gutt. Wierklech net gutt. Mir hu mol keng 20 Grad méi. Mir hunn den Ament awer leider keen anere Choix ewéi an der Strooss ze schlofen", sou de Mohamed.

Zelter a Schlofsäck fir déi 6 Männer goufe vun Organisatioune gespent. Eng Iwwergangsléisung. Well de Mohamed a seng Matbewunner hoffen no deels 3 Joer Trajet op e waarmt Bett: "Ech war 2020 nach am Guinea. Ech sinn iwwert de Mali ausgereest. Duerno war ech an Algerien, a Libyen. Du war ech ganzer 4 Deeg an Tunesien. Iwwer Tunesien sinn ech dann an Italien ukomm. Do hunn ech e Mount gelieft. Vun do sinn ech iwwert d'Schwäiz a Frankräich zu Lëtzebuerg ukomm. Lëtzebuerg war och mäin Zil. Ech kenne Lëtzebuerg zanter menger Kandheet. Dofir wollt ech onbedéngt heihinner kommen. Dat war mäi grousst Zil."

De Mohamed ass an Italien ukomm, gouf also do enregistréiert. Europäesche Reegelen no ass also Italien fir seng Asyl-Prozedur zoustänneg. D'Land awer ass komplett iwwerfuerdert. Vill Refugiéeë liewen a Ghettoen. Da léiwer e Liewen am Zelt zu Lëtzebuerg.

Där kéint een déi nächst Wochen a Méint méi zu Lëtzebuerg begéinen. De Wanter ass kal. Eng Dënn Plan iwwert dem Kapp ass fir esou munchereen deen eenzege Schutz virun der Keelt. Tëscht August a September koume knapp 170 Mënschen op Lëtzebuerg, déi kee Bett kruten an dofir hu missen op der Strooss liewen.

D'Land huet wéineg aus der grousser Flüchtlingskris vun 2014 geléiert, esou d'Kritik vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot. Et rechent ee mat e puer Dosen neie Flüchtlingen op der Strooss dëse Wanter.

"Wa mir forcéiert sinn, Leit dobaussen op der Strooss ze loossen dann ass fir eis kloer, datt eis Flüchtlingspolitik zu Lëtzebuerg déi lescht Joer en Echec war! Et gouf net genuch antizipéiert obwuel jidderee wosst, datt d'Flue vu Leit déi ukommen net vun engem Moment op deen aneren ophalen. Et war gewosst, datt et méi Leit géife ginn", sou de Sergio Ferreira, Member vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot a vun der Asti.

Ëmmer nach ginn et grouss organisatoresch Problemer tëscht Ministère, ONA an den Organisatiounen um Terrain. Datt, d'Maximal-Kapazitéit u Better quasi erreecht ass, späizt just weider Ueleg an d'Feier, sou d'Nonna Sehovic, och Member vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot a vun der Caritas: "Wat eis besonnesch Suerge mécht, ass datt déi rezent Annonce elo direkt virum Wanter gemaach gouf. A mir wëssen, datt d'Urgence-Strukturen ewéi d'Wanteraktioun, déi iwwert de Wanter op sinn, elo schonn iwwerlaascht sinn."

Och Organisatiounen ewéi d'Stëmm vun der Strooss stousse mam gratis Mëttegiessen op der Gare lues awer sécher un hir Limitten.

"Et ass längst net méi just eng Kompetenz-Geschicht vum Aussen- an Immigratiounsministère. Et ass eng global Fro bei där et schwiereg ass, Solutiounen ze fannen. Et muss een awer wëssen, datt wann dës Persoune méi séier 'aktiv' wärend de Prozedure ginn, een hinnen Accès op den Aarbechtsmaart gëtt, een hinnen e puer Méint gëtt fir sech ze integréieren, da vereinfacht et dat fir si, Independant ze ginn"

Asselborn: Et ass eng Decisioun, fir déi Vulnerabelst ze schützen

Den Immigratiounsminister Jean Asselborn reagéiert um Dënschdeg am fréien Owend. Trotz der staarker Augmentatioun un Hebergements-Capacitéite wier een un de Limitten ukomm.

Wéi aner europäesch Länner hätt ee misste Mesuren huelen, seet den LSAP-Politiker. Et hätt een eng Decisioun geholl, fir déi Vulnerabelst ze schützen: Fraen, Kanner, Famillen.

Zënter eng Woch ass d'Mesure en Place: 53 Männer goufen zënterhier vun de Sozial-Zerwisser convoquéiert. 17 Leit kruten e Bett. Zwou vun dëse Persoune koumen net an de Primo-Accueil. 27 Männer sinn op der Waarde-Lëscht.

Et géif gekuckt, fir d'Ouverture vun der Hal 7 an der LuxExpo schonn e puer Deeg virum 1. Dezember opzemaachen. Bis Enn Januar stinn do 600 Better zur Verfügung. Parallel géing ee versichen, weider Strukturen opzebauen, wéi zum Beispill zu Schëmpech, sou de Jean Asselborn.

Prise de position du Ministre de l'Immigration et de l'Asile par rapport au communiqué du Lëtzebuerger Flüchtlingsrot du 31 octobre 2023

Communiqué par : ministère des Affaires étrangères et européennesEn tant que ministre de l'Immigration et de l'Asile, je prends note du communiqué du Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) du 31 octobre 2023 portant sur la politique en matière d'accueil au Grand-Duché, et tiens à apporter quelques explications en la matière.

Suite à un afflux constant ces dernières années, et malgré le développement du réseau d'hébergement de l'Office national de l'accueil (ONA) qui atteint aujourd'hui 7.703 lits, soit une augmentation de 252,5 % (5.518 lits supplémentaires) par rapport à 2014, les capacités d'hébergement ont atteint leurs limites.

Vu l'épuisement de la capacité d'accueil du Grand-Duché, couplé à une crise du logement de manière générale, le Luxembourg, à l'instar d'autres Etats membres de l'Union européenne, a été contraint de prendre de nouvelles mesures. Je tiens à souligner que ce changement dans la procédure d'accueil et l'obtention d'un hébergement a été mis en place afin de donner la priorité absolue aux femmes, enfants et familles ainsi qu'aux personnes les plus vulnérables. Il est inconcevable de donner la priorité à des hommes voyageant seuls et disposant déjà d'une place d'hébergement dans un autre Etat membre aux dépens de femmes, enfants et familles cherchant refuge au Luxembourg et introduisant une première demande de protection au sein de l'UE.

Il s'agit donc d'une décision en faveur des plus vulnérables !

En effet, depuis le 23 octobre 2023 les hommes voyageant seuls ayant déposé une demande de protection internationale ne sont plus automatiquement admis au centre de primo-accueil. Ils sont vus individuellement par les services sociaux de l'ONA, qui évaluent quotidiennement la vulnérabilité et les besoins des personnes et établissent une liste d'attente pour les personnes souhaitant être hébergées par l'Etat. Priorité absolue est donnée aux personnes vulnérables, du fait de leur âge ou de leur état de santé, ensuite aux hommes qui viennent de déposer leur première demande de protection internationale en Europe, ceci toujours dans la limite des lits disponibles.

Depuis la mise en place de cette nouvelle procédure, 53 hommes ont été convoqués par les services sociaux. 7 hommes ne se sont jamais présentés à leur rendez-vous ; un lit a pu été attribué à 17 d'entre eux. 2 hommes auxquels un lit a été attribué ne se sont jamais présentés au primo-accueil. Au 31 octobre 2023, 27 hommes sont en attente d'un lit.

En parallèle, l'ONA travaille de manière continue sur le développement des capacités d'accueil supplémentaires au Luxembourg. C'est dans ce sens que l'ouverture du hall 7 de la LuxExpo initialement prévue pour le 1er décembre 2023 pourrait être avancée de quelques jours pour être opérationnel vers fin novembre. Le hall sera disponible jusqu'au 31 janvier 2024 et pourra accueillir jusqu'à 600 lits provisoires.

Sur mon initiative un groupe de travail constitué par l'Administration des bâtiments publics (ABP), le Corps grand-ducal d'incendie et de secours (CGDIS) et l'ONA vient également d'être créé afin d'étudier la faisabilité d'une nouvelle structure d'hébergement en reconvertissant des bâtiments existants dans les plus brefs délais.

D'autres structures d'hébergement sont en cours de finalisation comme à Schimpach dont la fin prévisionnelle des travaux est prévue pour janvier 2024 avec une capacité maximale de 55 lits.

La priorité reste de pouvoir assurer l'accueil et l'hébergement des enfants et familles ainsi que des personnes les plus vulnérables.

Jean Asselborn

Ministre de l'Immigration et de l'Asile