"Keng Virwërf maachen. Dat ass de Schlëssel"
© Monica Camposeo / RTL
Fir de Sonndesinterview hu mir mat der Dr. Salima Aarab geschwat. Zanter bal 20 Joer schafft d'Pedopsychiaterin a Psychotherapeutin mat Kanner a Jonken.
D’Gespréich op Aenhéicht sichen, dat sollt den Ufank sinn, wann ee mierkt, dass et engem Kand oder engem Jonke psychesch net gutt geet. Fir d'Doktesch Salima Aarab ass eng interdisziplinär Approche besonnesch wichteg, mä och dass d’Elteren oder dat not Ëmfeld mat an d’Boot geholl ginn. Mä wéini ass eng Therapie sënnvoll a wéi leeft eng Behandlung eigentlech of? Dozou géing et nämlech nach vill Mëssverständnesser ginn, och wann d’Stigmatiséierung an den Ae vun der Psychiaterin ofgeholl hätt.
Phasen, an deenen een net sou gutt drop ass, wieren normal, esou d’Pedopsychiaterin a Psychotherapeutin Dr. Salima Aarab am RTL-Interview. Wann e Kand oder Jonken awer iwwer Wochen oder souguer Méint e verännert oder opfällegt Verhalen huet, da misst een handelen.
"Net all Kand, dat mol e Problem huet, muss bei de Psychiater oder bei de Phychotherapeut, dat wëll ech awer och kloer soen, dat wier effektiv ze vill. Mä awer ëmmer wa sech dat iwwert eng länger Zäit net ännert."
Warnsignaler kënnen am ganz jonken Alter zum Beispill sinn, dass e Kand bemol nees manner gutt schwätzt oder net méi propper ass, obwuel et dat scho war. Eng Zréckentwécklung vum Verhalen also. Mä och wa sech d’Kand zeréckzitt an et un näischt méi Freed huet an him alles egal ass, och dat kënnen alles éischt Unzeeche fir e psychesche Problem sinn. E Gespréich op Aenhéicht mam Kand féieren, kéint a ville Fäll schonn hëllefen. Besonnesch wichteg ass et dobäi, keng Virwërf ze maachen, mä éischter probéieren, d’Kand ze verstoen, betount d'Dokter Aarab.
Am Lycée wieren d’Warnsignaler éischter, wa sech de Jonken extrem zeréckzitt, nëmmen nach Zäit um Handy verbréngt a keng Freed méi un Hobbyen huet oder sech d’Leeschtung an der Schoul verschlechtert.
Dacks kéint dann och schonn de SEPAS, de Service psycho-social et d'accompagnement scolaires, eng gutt éischt Ulafstell sinn. Dëse Service ass direkt an de Lycéeën unzetreffen, also einfach accessibel. An de Primärschoule géing esou eng Plaz zum Deel awer feelen, bemierkt d'Dokter Salima Aarab.
Och kierperlech Symptomer wéi Bauchwéi, Schlofstéierungen, Häerzklappen oder Iwwelzegkeet kënnen op psychesch Problemer hiweisen. Als Eltere sollt een d’Situatioun eng Zäit laang observéieren an d’Gespréich sichen, wa se méi wéi just e puer Wochen undauert.
Bei Suicidegedanken, engem Selbstmordversuch oder wa sech e Kand oder Jonke selwer blesséiert, misst ee par contre direkt handelen a sech professionell Hëllef sichen. Dat kéint och den Hausdokter sinn, esou d’Dr. Salima Aarab. Dacks wier de Kontakt mam Hausdokter oder der Hausdoktesch e ganz vertrauensvollen an et kéint schonn eng éischt Aschätzung gemaach ginn. Eventuell läit och éischter eng medezinesch Ursaach vir, wéi zum Beispill eng Dysfunktioun vun der Schilddrüse, déi och zu Verhalensverännerunge féiere kann. Ass dat net de Fall, kann den Hausdokter awer aschätzen, ob eng Behandlung sënnvoll ass a wa jo, ob dann éischter e Psycholog oder e Psychiater ubruecht wier.
Wéi leeft eng Behandlung of?
Fir d’Éischt emol gëllt et den Ënnerscheed tëscht engem Psycholog an engem Psychiater ze maachen. E Psychiater huet, anescht wéi de Psycholog, eng medezinesch Ausbildung, wat bedeit, dass e Medikamenter ka verschreiwen. D’Dr. Aarab betount awer, dass Behandlunge mat Medikamenter an der Kanner- a Jugendpsychiatrie nëmmen eng ganz kleng Roll spillen. Et kéint zwar virkommen, mä an deenen allermeeschte Fäll géing versicht ginn, de Problem anescht an de Grëff ze kréien. D’Stigmatiséierung an d’Angscht virun enger Behandlung mat Medikamenter géing d’Psychiaterin awer ëmmer nees och a Gespréicher mat Elteren feststellen.
Allgemeng begréisst d’Dr. Salima Aarab awer, dass d’Stigmatiséierung vu mentale Krankheeten an de leschte Joren ofgeholl hätt. Och d’Eltere wieren hirer Erfarung no vill méi oppen. Et géing awer ëmmer nach virkommen, dass sech Kanner oder Jonker bei hir mellen, déi soen, dass hir Elteren net wëssen, dass si de Kontakt mat enger Psychiaterin gesicht hunn.
"Natierlech kann all Kand heihinner kommen. Ech hat och scho Jugendlecher, déi eleng heihinner komm sinn, dann hu mir si natierlech en charge geholl, dat ass kloer. Also mir weise keng Jugendlecher of."
Dacks géing sech no engem Gespréich mat den Elteren erausstellen, dass zesummen eng Léisung ka fonnt ginn. Et wier och wichteg fir d’Behandlung, d’Famill mat an d’Boot ze huelen, betount d’Dr. Aarab. Elteren, déi guer net wëllen, dass hiert Kand eng Therapie ufänkt, wiere seelen. Kënnt dat awer vir, wier dat e grousse Problem fir d’Kanner, well si net déi Ënnerstëtzung kréien, déi si awer virun allem vun den Eltere bréichten, fir nees op d’Been ze kommen.
D’Pedopsychiaterin betount, dass bei Erwuessener, déi eng Psychotherapie ufänken, dacks éischt Ursaachen an der Kandheet opzeweise sinn. Ginn dës am jonken Alter schonn erkannt a behandelt, kann dat präventiv wierken.
© Monica Camposeo / RTL
Wéi kéint d’Prise en Charge vu Kanner a Jonker verbessert ginn?
Ee grousse Problem ass, dass et dacks ganz laang dauere kann, bis een iwwerhaapt e Rendez-vous kritt, well et u Fachpersonal feelt. Dat wier iwwerhaapt net hëllefräich fir gesond ze ginn, bedauert d’Psychiaterin. Och dowéinst ass d’Ënnerstëtzung an d’Versteesdemech vun der Famill immens wichteg, fir dës Zäit z’iwwerbrécken. Aner Strukture wéi d’Aarbecht vum SEPAS an de Lycéeën oder och nach eng éischt Aschätzung vum Hausdokter kënnen hëllefen, fir dass sech de Jonken net eleng fillt.
Fir dass Kanner a Jonker, déi professionell Hëllef brauchen, dës och kréie kënnen, ass et der Dr. Aarab no wichteg, Offeren ze schafen, déi méi einfach accessibel sinn. Eng Iddi kéinte méi multidisziplinär Strukture baussent de Spideeler sinn. Esou kéinte Kanner a Jonker iwwerall am Land besser gehollef kréien an ënnerstëtzt ginn. Ambulant Strukturen, déi verschidde Beräicher regroupéieren, géingen aktuell nämlech feelen. Dacks muss ee sech op ënnerschiddleche Plazen informéieren. Oder, wat nach méi schlëmm wier, et gëtt e vun engem Spezialist bei deen nächste geschéckt.
"Fir eng gutt Prise en Charge brauche mir och multidizsiplinär Ekippen. Dat heescht, am beschte gëtt zesummegeschafft, well et gi medezinesch Aspekter, psychologesch Aspekter, oder bei enger Iessstéierung zum Beispill gëtt en Ernärungsberoder gebraucht. Déi Strukture brauche mir effektiv nach méi ambulant."
Begréissenswäert ass der Dr. Salima Aarab no den neien Elterentelefon, deen esou wéi de Kanner-Jugendtelefon, anonym funktionéiert. Dat wier eng gutt Approche, fir einfach a séier no Hëllef kënnen ze froen. D’Psychotherapeutin géing och mol vu jonke Patiente gesot kréien, dass si scho bei dëser Plaz ugeruff hunn, ier si bei si an déi éischt Sëtzung gaange sinn. Dass sech elo och Eltere kënne berode loossen, wier gutt, well och Erwuessener dacks net wéissten, wéi si mat der Situatioun sollen ëmgoen. Geet et ëm psychologesch Problemer vun engem Kand, kann eng éischt Berodung hëllefen, fir dass d’Elteren dann hiert Kand besser kënnen ënnerstëtzen an deemno wéi de Problem och schonn ouni professionell Hëllef ka geléist ginn.
D’Präventioun an eng einfach accessibel ambulant Offer kënne méi grave Konsequenze vu psychesche Problemer an de Grëff kréien, esou d’Dr. Salima Aarab.
Hu psychesch Problemer an der Gesellschaft zougeholl?
Psychesch Krankheete gouf et schonn ëmmer, se si just dacks net diagnostizéiert a behandelt ginn, betount d’Dr. Salima Aarab.
An de Gespréicher mat den Elteren oder deene Jonke géing et ëmmer nees virkommen, dass iwwert e Familljemember Rieds geet, deen en änlecht Verhalen hat. Mä et wier ni doriwwer geschwat ginn, géing et dann dacks vun den Elteren heeschen. Depressiounen oder aner psychesch Krankheete si fir Persounen, déi net direkt betraff sinn, dacks onbemierkt bliwwen. Haut kritt eng Verhalensstéierung en Numm an et kann e besser domadder ëmgoen, fréier ass et dacks einfach en opfällegt Verhale bliwwen, dat net benannt gouf.
D’Pedopsychiaterin präziséiert awer, dass d’Gesellschaft sech och ëmmer nees verännert. Virun allem déi digital Medien hunn e staarken Impakt op Kanner a Jonker. Si si zum Beispill ze vill "online" ënnerwee, kann et sinn, dass Lienen an der "richteger" Welt ofhuelen oder ganz verluer ginn. E weidere Facteur wier d’Schnellegkeet an déi permanent Erreechbarkeet, déi duerch den Internet entstanen ass. Kanner a Jonker kréie vill méi mat a kënnen, deemno wéi si den Internet notzen, stänneg mat schlechte Noriichte konfrontéiert sinn.
Dobäi kéim d’Phänomen vum Vergläichen. An de soziale Medie versiche Jonker, e méiglecht gutt Bild vu sech ze ginn. Wien éischter méi onsécher ass a permanent deier Kleeder, vill Frënn oder nach Fotoe vu schlanke Kierper gesäit, ka sech doranner verléieren an eng Ofwierhaltung entwéckelen.
D’Dr. Salima Aarab, déi ënnert anerem op Iessstéierunge spezialiséiert ass, stellt fest, dass dëse Volet bei Jugendlecher zouhëlt. Dat souwuel, dass déi betraffe Jonker ze wéineg iessen, wéi och, dass si duerch ze vill Iessen eppes wëlle kompenséieren, dat hinne feelt. Och hei wier et wichteg, d’Verhalen ze observéieren an an engem rouege Moment e Gespréich op Aenhéicht ze sichen. Kommentarer iwwert de Kierper oder d’Iessgewunnechte suergen dogéint éischter fir en defensiivt Verhalen, betount d’Psychiaterin. Dauert d’Iessstéierung scho méi laang un oder d’Elteren hunn et eréischt méi spéit bemierkt, wier och hei professionell Hëllef onbedéngt noutwenneg. Virun allem Magersucht gëllt zu de mentalen Erkrankunge mam héchste Stierftaux.
© Monica Camposeo / RTL
Op Nofro beim Gesondheetsministère huet et heizou per Mail geheescht, dass hei am Land "keng mannerjäreg Persoun zanter 1998 un enger Iessstéierung gestuerwen ass." Wéi vill Kanner a Jonker zu Lëtzebuerg un enger Iessstéierung leiden, kéint een net soen: "Leider ass et esou, dass mir zu Ärer Froe keng konkret Donnéeën liwwere kënnen, déi e realistescht Bild vun der Situatioun hei zu Lëtzebuerg zeechne géifen."
Vum Ministère heescht et weider, dass eng Iessstéierung als Grond fir den Doud erfaasst gëtt, wa se als direkte Lien ka festgestallt ginn. D’Dr. Salima Aarab betount nach, dass vill Konsequenze vun enger Iessstéierung zum Doud kënne féieren, esou wéi zum Beispill Multiorganversoen, Arrhythmie, Sepsis oder och nach Suicide.
Donieft weist d’Pedopsychiaterin awer och nach op de sougenannten "taux de chronicisation" hin. Dat bedeit: No dacks iwwer 10 Joer Krankheet wier de Risiko, dass duerch eng Iessstéierung eng dauerhaft gesondheetlech Beanträchtegung entsteet, immens héich. Dofir ass eng gutt Prise en Charge besonnesch am jonken Alter immens wichteg, fir dass sech d’Konsequenze méiglechst wéineg als Erwuessene weisen. Notamment ass et an deem d’Kader d’Fuerderung déi ambulant Prise en Charge och fir d’Behandlung vun Iessstéierungen auszebauen.
Et géing zum Deel nach wéineg Erfarung op deem Feld ginn, bemierkt d’Dr. Aarab, och fir erwuesse Patiente feelt et u Behandlungsofferen. Och wa sech dat an de leschte Jore scho vill verbessert hätt, bleift nach vill Handlungsbedarf. Donieft ass d’Fuerschung fir d’Traitementer vun Iessstéierunge fir d’Spezialistin nach e groussen Challenge.
D’Behandlung am jonken Alter ass net just bei Iessstéierungen, mä ganz allgemeng bei psychesche Problemer, eng Zort Präventioun fir d’Zukunft als Erwuessenen. Vill Stéierunge sinn heelbar, präziséiert d’Dr. Salima Aarab. Oder et kéint deene Jonken esou gehollef ginn, dass si besser domadder liewe kënnen.