D'Laurence Diederich ass beim GSP vum CGDIS. Mir hu mat hir iwwert d'Erausfuerderungen an d'Passioun fir dëst benevolet Engagement geschwat.

De Groupe de Support Psychologique kënnt ëmmer dann an den Asaz, wann et zu engem tragesche Virfall komm ass a Mënschen op psychologesch Hëllef an Ënnerstëtzung ugewise sinn. 2022 gouf et 260 Interventiounen iwwert dat ganzt Joer.

"An dat geet vu Stierffäll, déi Doheem geschéien, Verkéiersaccidenter, Suiciden, plëtzleche Kandsdoud, awer och Evakuatiounen, Iwwerfäll oder och Geiselnamen."

Beispill vun engem Verkéiersaccident

Am Interview kënne mer net iwwert konkret Fäll schwätzen, wärend dem Gespréich krut een awer schonn een authenteschen Abléck an e Gefill fir d'Aarbecht vum Groupe de Support Psychologique.

Bei engem Verkéiersaccident wier et esou, dass d'Ambulanz oder d'Police op der Plaz de GSP vum CGDIS rifft. Minimum zwou Persoune géifen dann op d'Plaz kommen, fir no Leit mat enger akuter Stressbelaaschtung ze kucken.

"Et kann natierlech sinn, wann elo de Bäifuerer onverletzt ass, dass de GSP op d'Plaz vum Accident geruff gëtt. Do probéiere mer awer, d'Leit esou séier wéi méiglech och fortzekréien. Da gëtt et och de Fall vun déidlechen Accidenter, da gi mir och zesumme mat der Police d’Doudesnoriicht bei  d'Famill iwwerbréngen.”

Fir hir Arbescht ze maachen ass d'Präsenz op der Accidentsplatz selwer net emmer néideg. Et kéint een et awer net ëmmer evitéieren, dass een och emol méi schlëmm Saache gesäit. D'Formatioun an d'Supervisioune géifen do hëllefen, fir kënnen domat ëmzegoen.

RTL

© Laurent Weber

Haaptzil: Leit ze stabiliséieren

No traumateschen Erfarungen hätten d'Leit vill Chaos am Kapp. “Wann een eppes Schlëmmes erlieft huet, geet et mol drëm, dass d'Leit sech stabiliséieren. Dat ass d'Haaptzil vun eiser Missioun. De Leit nees Repèren ze ginn.”

Fir dass dat geléngt, géif een och kucken, dass d'Leit net eleng sinn, Famill a Frënn Ënnerstëtzung ginn. Et wier een och do, fir Pisten unzeginn, wou een zousätzlech professionell Hëllef ka kréien. An der Moyenne dauert een Asaz 3 bis 4 Stonnen.

"Dacks freet ee sech, wéi geet et de Leit?"

Feedback vun de Leit, deen ee gehollef huet, kritt ee wéineg: "Dacks freet ee sech, wéi geet et de Leit? Dat ass jo och mënschlech. An awer ass et wichteg dass een no all Asaz en Ofschloss fënnt an d'Schicksal vun de Leit déi een betreit huet net dauernd mat sech ronderem dréit." Heiansdo géif een awer Bréiwer kréien, wou Leit "Merci" soen, doriwwer géif ee sech natierlech freeën, esou d’Laurence Diederich.

Wat vill Leit net wëssen, de GSP kann een och bei engem Stierffall an der Famill uruffen an ëm Hëllef froen oder wann ee soss eng traumatesch Erfarung gemaach huet.

Et wier ee frou ze hëllefen, och wann et net einfach wier

Wann een trotz der Tragedie vun der Situatioun konnt hëllefen, wier et ee gudden Asaz gewiescht, och wann dem Laurence Diederich dës Fro net einfach fält, wëll et ni schéi Momenter wieren.

E konkret Beispill wier, wann d'Famill an Dignitéit konnt Äddi soen. "De Merci vun de Leit zum Schluss, dat ass einfach dat, wat eigentlech hänke bleift an den Asätz."

Déi schlëmmsten Erfarungen, déi een als Member vum GSP géif maachen, wier, wann et ëm Kanner oder Jugendlecher geet. An da géif et och emol virkommen, dass een déi Persoune kënnt, Lëtzebuerg wier do eben ze kleng.

“All déi Saachen, wou méi no u senger eegener Liewensgeschicht dru sinn, d'Familljekonstellatioun zum Beispill, d'nämmlecht ass. Dat sinn ëmmer Saache, wou engem méi No ginn.”

Nei Benevolle gesicht

All zwee Joer ginn nei Benevolle gesicht, den Ament huet ee ronn 50 Benevollen, déi Permanencë kënne maachen. Well d’Populatioun wiisst, hätt ee méi Asätz an et géif ee méi Leit brauchen.

Am Januar fänkt d’Formatioun vun engem Joer (insgesamt 100 Stonnen) un, 32 Persoune gi gesicht. Persounen aus dem Norden, déi virun allem am Dag kéinte Permanence maachen, géifen nach feelen, esou d'Laurence Diederich, déi Chef de Groupe adjointe vum GSP ass.

Den 18. November ass eng Infoversammlung zu Dikrech. Weider Detailer fënnt een hei.