Den 20. November start déi véiert grouss Rekrutéierungswell vun der Police: 160 nei Fonctionnaire-Stagiairë gi gesicht.

Fir déi eng ass et e Kandheetsdram, fir déi aner eng berufflech Ëmschoulung: An der Policeschoul léieren d’Fonctionnaire-Stagiairen d’Handgrëffer, d’Prozeduren an d’Reegele vun hirem zukünftege Beruff. Sief et bei engem Verbriechen, engem Accident oder engem Abroch, d’Schüler mussen all d’Prozedure kennen: D’Betreiung vun engem Affer, d’Sammele vu méiglechen Temoignagen oder d’Methoden, wéi een e Verdächtege festhëlt. D’Kriminalistik ass eent vu 47 Fächer, déi an der Policeschoul ënnerriicht ginn.

194 Stagiairen, déi am éischte Joer sinn, zielt d’Policeschoul aktuell. Ronn e Véierel vun de Schüler waren an de leschten dräi Joer Fraen. Den Duerchschnëttsalter läit bei 26 Joer.

No engem Joer theoretescher Ausbildung mat 1.350 Stonne Cours steet fir d’Fonctionnaire-Stagiairen e praktescht Joer un, wou se e Stage um Terrain maachen. Fir se op all Zenarien virzebereeden, léiere se an de Coursen och, wéi een a gewësse Situatiounen empathesch reagéiert oder seng Emotioune kontrolléiere kann.