Jean Asselborn geet net an d'Chamber"Ech spieren, dass ech elo e bësse Rou brauch"

RTL Lëtzebuerg
De Jean Asselborn geet net an d'Chamber. Dat huet hien en Dënschdeg de Mëtteg am RTL-Interview deklaréiert.

Hie bräicht e wéineg Rou. Hie wier 20 Joer an der Aussepolitik aktiv gewiescht an et wier a sengen Ae schwiereg, an d’Innepolitik ze wiesselen.

Als Grond nennt den Ausseminister sortant och déi aktuell Entwécklungen an der Migratiounspolitik an Europa an zu Lëtzebuerg. An der Emissioun iwwert d’Refugiéen am Kloertext bei eis op der Tëlee viru gutt 2 Wochen hätt hien “d’Pedalle verluer”: d’Emotiounen hätten d’Iwwerhand kritt an dat wier “net gutt”. Fir hie wier eng “rout Luucht” ugaangen, datt et Zäit wier, eng Paus ze maachen.

De Jean Asselborn annoncéiert, dass hien net mat an d'Chamber geet
Den LSAP-Politiker sot, dass hien Ugangs November gemierkt hätt. dass bei him eng Rout Luucht ugaange wier.

De Jean Asselborn ass 74 Joer al, war 19 Joer laang Ausseminister a viru 40 Joer fir d’éischte Kéier Deputéierte ginn. Op d’Fro, ob hien an d’Europawale geet, wollt hien nach net äntweren.
De Sëtz vum Jean Asselborn an der Chamber geet un den Yves Cruchten. Deen huet op Nofro matgedeelt, datt hien d’Mandat unhëlt.

D’LSAP Fraktioun huet iwweregens en Dënschdeg de Moien d’Press invitéiert, fir matzedeelen, ewéi si sech fir d’Oppositiounsaarbecht déi nächst Joren opstellt. An et gouf ee gewuer, datt d’Taina Bofferding Fraktiounscheffin an d’Paulette Lenert Vize-Fraktiounscheffin ginn.

Back to Top
CIM LOGO