Ëm déi Fro goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.

Resumé Kloertext / Reportage Dany Rasqué

Nodeems den Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn virun enger Woch annoncéiert hat, datt beim Accueil vu Flüchtlinge misste Prioritéite gesat ginn.

Männer, déi eleng kommen a schonn eng Demande op Asyl an engem anere Land gemaach hunn, mussen op eng Waardelëscht gesat ginn.

Flüghtlingsorganisatioune warnen, datt dës Mënsche riskéieren, op der Strooss ze landen, mä et geet net anescht, bedauert de Jean Asselborn.

Et ass eng Moossnam, déi hien net aus Jux decidéiert hätt, esou den Aussen- an Immigratiounsminister.

 "Ech hu mech laang gewiert hei dogéint, ech hunn de ganze Summer mat eise Leit gestridde vum ONA, datt mer missten aner Weeër sichen, mer hunn awer keng fonnt. Et ass Blödsinn, ze soen, ech géif d'Leit all erausgeheien. Ech hu keen erausgehäit, weder a Syrien, nach an den Afghanistan an ech wëll och net, datt alles op d'Kopp gedréint gëtt. Ech well awer, datt zu Lëtzebuerg och an Zukunft d'Fraen an d'Kanner ënnerdaach kommen." 

An de leschte Joren ass d'Zuel vun de Better an de Flüchtlingsstrukture vun 3.700 op 7.700 geklommen. Datt Lëtzebuerg elo u seng Grenze kënnt, läit awer net un enger massiver Hausse vun de Flüchtlingen hei am Land, seet d'Carole Reckinger, politesch Spriecherin vun der Caritas.

"Wa mer d'Zuele kucken, gesi mer, datt net vill méi Flüchtlinge komme wéi déi Jore virdrun. Virun allem am Verglach mat 2017, 2018, mä wat de Problem ass, dat ass, datt d'Better an de Strukture besat si vu Leit, déi de Statut hunn an näischt um Logementsmarché fannen."

An deem Kontext goung och Rieds iwwert d'Roll vun de Gemengen an de Serge Kollwelter, de Spriecher vun der Associatioun "Ronnen Dësch", déi sech fir Accueil an Integratioun asetzt, ass der Meenung, datt et elo wichteg ass, datt si méi an d'Responsabilitéit geholl ginn.

"An der Bundesrepublik Däitschland ginn d'Flüchtlingen d'office op d'Bundeslänner, op d'Kreesser an op d'Gemenge verdeelt. Den Här Asselborn huet schonn X Mol Appelle gemaach, mä en huet seele ganz vill Echo kritt. Vläicht ass elo den Ament. Elo hu mer emol keng Gemengewalen an nächster Zäit, mer kréien eng nei Regierung, et wier elo den Ament fir ze legiferéieren."

Ee vun den Invitéeën am Kloertext war den Ayham Bawadekjie, e jonke Mann, deen Enn 2014 aus Syrien fortgelaf ass. Fir hie war Lëtzebuerg déi zweet Chance nodeems de Krich seng Zukunft zerstéiert hat. Hien huet op der Uni.lu studéiert an duerno eng Aarbecht fonnt, déi him och gehollef huet, Lëtzebuergesch ze léieren.

D'Invitéeën

Carole Reckinger

Politesch Spriecherin Caritas

RTL

Serge Kollwelter

Spriecher "Ronnen Dësch" fir Accueil an Integratioun

Mënscherechtsaktivist / laangjärege President ASTI

RTL

Marianne Donven

Grënnerin vun Oppent Haus

Grënnerin a Gérante vun de "Chiche"-Restauranten

RTL

Ayham Bawadekji

Ass Enn 2014 aus Syrien geflücht

Huet hei studéiert, schafft elo an ass Lëtzebuerger ginn

RTL

Jean Asselborn

Ausseminister an Immigratiounsminister

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.