Fir deen ee geet eng Dier zou, fir deen anere geet se op.

E Freideg de Mëtteg kruten déi nei Ministere vun hire Virgänger de symbolesche Schlëssel fir an hiren neie Büro iwwereecht. Dat sinn allerdéngs mëttlerweil keng richteg Schlëssele méi, mee Badgen. Wat esou engem Stéck Plastik u Symbolik feelt, dat hunn d'Ministere sortant duerch hir Kaddoen un d'Nofollger guttgemaach. Bei deem engen oder anere gouf do eng Tréin verdréckt.

Cérémonie de passation des pouvoirs / Reportahe Monica Camposeo

Esou zum Beispill beim Xavier Bettel. No 10 Joer huet hien ënner Tréine senger Ekipp am Staatsministère Äddi gesot. Hie wier awer frou, de Schlëssel un eng Persoun kënnen ze iwwerreechen, déi déi nämmlecht Wäerter wéi hie vertrëtt, esou de Xavier Bettel. De Luc Frieden huet virun allem d'Krise-Gestioun vu sengem Virgänger gelueft.

Besonnesch emotional war et dann am Ausseministère, wou de Jean Asselborn seng Enttäuschung iwwert déi lescht Wochen net konnt verquëssen. Rieds ass iwwert d'Decisioun, verschidde Refugiéen hei am Land keen Ënnerdaach méi unzebidden. "Ech hu versot", esou de fréieren Ausseminister. Dat kéint een net schéirieden. Bal 20 Joer war de Jean Asselborn Ausseminister, seng Successioun iwwerhëlt elo de Xavier Bettel.

Méi pragmatesch ass et am Justizministère zougaangen, wou d'Sam Tanson amplaz e symbolesche Schlëssel hirer Nofollgerin Elisabeth Margue de Badge fir an de Ministesch-Büro ginn huet. An hirer Ried huet d'Sam Tanson begréisst, dass eng Rei Dossiere solle weidergefouert ginn. D'Justiz soll net politiséiert ginn, dat huet déi nei Justizministesch Elisabeth Margue virun hirer neier Ekipp präziséiert. Wéi vill vun hire Regierungskolleegen, wëll sech och d'Elisabeth Margue fir d'éischt emol mat hirer Ekipp zesummesetzen an an d'Dossieren eraschaffen.

Cérémonie de passation des pouvoirs / Reportage Anne Wolff

Am Gesondheetsministère war et en Dirigentestaf, deen d'Paulette Lenert hirer Nofollgerin Martine Deprez iwwerginn huet. Schliisslech hätt d'Martine Deprez elo eng ganz Rëtsch Leit an Dossieren ze dirigéieren, an do misst een de Staf fest an der Hand hunn. Déi eng oder aner Tréin hat d'Paulette Lenert dann awer am Knapplach, huet awer och e puer Parallelle mat hirer Nofollgerin gesinn. Grad wéi si deemools kënnt d'Martine Deprez vu Baussen an d'Amt. An nach eppes vereent si bei dësem leschte respektiv éischte Patt: D'Léift fir alkoholfräie Schampes.

Am Environnement huet d'Joëlle Welfring hirem Nofollger Serge Wilmes ee Beemchen iwwerreecht, allerdéngs nach ouni Blieder. Dee géif sech wuel eréischt entwéckelen a sech och a Klimachangementer gutt erëmfannen. An domat hat si beim neien Minister a fréiere Stater Klimaschäffe wuel en Nerv getraff, deen d'Beem als seng besonnesch Passioun deklaréiert huet. Fir d'Joëlle Welfring, déi jo eréischt annerhalleft Joer am Ëmweltministère war, geet iwwerdeems en neit Kapitel op der Oppositiouns-Bänk un: "Ech wënsche mengem Nofollger eng gutt Hand, well et geet ëm eis Zukunft, vun dohier wäert ech och an der Zukunft an der Chamber mir eng Freed doraus maachen, och do dofir ze suergen, dass mir do weider dee selwechten Ambitiounsniveau bäibehalen."

En neit Kapitel ass et dann och fir de fréiere Logementsminister Henri Kox, deen e Freideg dem Claude Meisch en décken Dossier, en Helm an direkt eng ganz Rëtsch vu Baggeren iwwerginn huet, ee Symbol fir seng Politik: "Ech hat dru geduecht, och eng Schëpp ze ginn, well mir hu vill lassgekappt, mee dunn hunn ech un däi Réck geduecht- vill ze schëppen eleng, dat gëtt näischt. Ganz vill baggeren, firwat? Well mir e Fonds spécial gegrënnt hunn, wou mir alles dra regroupéieren, wat mir brauchen, fir den abordabele Wunnengsbau ëmzebauen."

Den Henri Kox investéiert sech a senger Pensioun gär an de Wäinhandel. Säin Nofollger dréit den Helm mat Confiance, a gesäit sech senger Roll als Educatiouns-, Amenagements- a Logementsminister duerchaus gewuess,  et wier alles eng Saach vun der Organisatioun.