D'Wuel vun de Kanner an allen Hisiichte grouss geschriwwen
Scho fir déi 77. Kéier huet d'Hëllefsorganisatioun Croix Rouge a Collaboratioun mat sëllege Benevollen op den traditionelle Bazar invitéiert.
Dir hutt et bestëmmt scho gesinn, dat grousst wäisst Zelt, dat den Ament um Glacis steet. Virun enger Woch war hei am Kader vun der Art Week Konscht ausgestallt. Elo dëse Weekend war et reservéiert fir d’Croix Rouge.
Wärend zwee Deeg konnten d’Leit sech op gutt 30 Stänn Kleeder, Bijouen, Dekoartikelen, Schneekegkeeten oder Spiller kafen. D’Suen, déi dobäi gesammelt goufe gi fir de gudden Zweck gespent, erkläert d’Manou Hoss, Presidentin vun der Stater Lokalsektioun vun der Croix Rouge.
"Déi Sue gi geholl an deene verschiddene Servicer vun der Croix Rouge, déi sech op d’Kand an d’Jugend dirigéieren, well mir als Benevollen, awer och zesumme mat der Croix Rouge, dat erausgesicht hunn, well dat eis extra néideg geschéngt huet an dësen Zäiten. Mir sammelen natierlech Sue fir onse Beneficiairen ze hëllefen, mee et ass awer och e grousst Fest vu Convivialitéit a Collaboratioun tëschent Benevollen, Leit vun der Croix Rouge, Beneficiairen an - ouni déi et guer net géif goen - déi Leit, déi eis besiche kommen an hei dozou bäidroen, datt dee Bszar e Succès gëtt, andeems se kafen, andeems se iessen, bei de Kleesche kommen an e schéinen Dag verbréngen."
A gutt ee Mount viru Chrëschtdag hat een um Basar vum Roude Kräiz och schonn d'Geleeënheet mat guddem Gewëssen deen een oder aner Chrëschtkaddo ze kafen.