Mat bal 20 Säiten ass d'Kapitel Famill a Solidaritéit eent vun de gréissten am Koalitiounsaccord.

Dëst ass de Kompass vum Familljeminister Max Hahn, deen dëse Ressort nees eng Kéier krut.

Fir d'Famillen an d'Wuelergoe vum Kand an de Mëttelpunkt ze setzen, ass geplangt de Congé parental ëm 3 Méint ze verlängeren, de Congé de maternité ze flexibiliséieren an d'Recht op Baby-Joeren vun 2 op 3 Joer pro Kand ze verlängeren.

Eltere mat Kanner ënner 13 Joer solle kënnen, op eegen Demande, vun enger Familljen-Deelzäit-Aarbecht profitéieren: Dës soll e Maximum vu 4 net-bezuelte Stonnen d'Woch net depasséieren. D'Familljen-Bäilage ginn reegelméisseg un d'Inflatioun ugepasst. Iwwerdeems soll d'Adoptiouns-Recht fir net-bestuete Koppelen a Jonggesellen agefouert ginn. Och bei gläichgeschlechtleche Koppele gëtt bei Adoptiounen eng automatesch Unerkennung vun den 2 Elterendeeler etabléiert.

Komplett op de Leescht huelen a méi performant maache wëll de liberale Minister d'Transport-Zerwisser Mobibus an Adapto, bei deene sech d'Reklamatioune geheeft haten.

Bal 60 % vun de Leit am Land sinn benevole aktiv. Fir si soll e Statut geschaaft an hiren Engagement iwwert en numeriséierte Badge-System valoriséiert ginn. Och sollen déi Fräiwëlleg vun enger staatlech bezuelter Assurance-accidents kënne Gebrauch maachen, grad wéi datt och de Seuil vum steierfräie Revenu aus benevoller Aktivitéit soll eropgesat ginn. Allgemeng gekuckt setzt sech déi nei Regierung derfir an, datt méi Benevoller och bei eeleren, ufällegen an handicapéierte Leit sollen aktiv ginn.

Iwwerdeems hält de Regierungsprogramm fest, datt de Statut vum "Handicap" net kloer an der Legislatioun fixéiert wier - dëst soll sech op Basis vun internationalen Texter änneren. No 20 Joer soll och d'Gesetz iwwert de "Salarié handicapé" reforméiert an nei Forme vun inklusiven Aarbechtsplazen geschaaft ginn, fir Leit mat spezifesche Besoinen den Accès op den 1. Aarbechtsmaart substantiell méi liicht ze maachen.

"Housing-First" ass d'Schlag-Wuert, fir Leit, déi op der Strooss gelant sinn, opzefänken, Si sollen an dezentrale feste Strukturen ënnerkommen an net an Iwwergangs-Sitten. Da sollen d'Leedung an de Fonctionnement vum nationale Solidaritéits-Fong iwwerschafft ginn, deem säi Basis-Gesetz 6 Joerzéngten um Bockel huet. Och d'sozial Offer vun den "offices sociaux" soll harmoniséiert an erweidert ginn. Well de REVIS net de gewënschte Succès hat, fir d'Leit nees an d'Aarbechtswelt ze féieren, soll eng zäitlech limitéiert "Primme d'activité" agefouert ginn. Duerch dës soll erreecht ginn, datt REVIS-Beneficairen eng Plaz ustriewen.

Fir eeler Leit plangt de Minister Hahn en nationale Plang "Gutt Alteren", woubäi zum Beispill d'minimal Zuel vum néidege Personal an den Altersheemer nuets soll ugepasst ginn. Zesumme mat Servior solle progressiv och weider CIPAen ersat a renovéiert ginn. Dat neit Gesetz iwwert d'Qualitéit vun de Zerwisser bannent den Altersheemer soll mat Rigueur zum Droe kommen a gëtt no 3 Joer nei evaluéiert. De Projet "out of hospital" soll iwwerdeems fir eeler Leit zum Droe kommen, wann Si no engem Spidolsopenthalt sollen an en CIPA respektiv nees zréck Heem kommen.