Niewent positive Punkten, wéi d'Unerkennung vu bestoende Pläng fir eng nohalteg Entwécklung, géif et am Koalitiounsvertrag awer kloer Schwaachstelle ginn.

De Mouvement écologique war eng vun den Organisatiounen, déi op Senneng an d'Koalitiounsverhandlungen invitéiert waren a ganz optimistesch waren, wat déi nei schwaarz-blo Regierung ugeet. Elo huet de Mouvéco de Regierungsaccord gelies a fënnt esou wuel positiv ewéi negativ Aspekter.

De Mouvement écologique iwwert de Koalitiounsaccord - Reportage Michèle Sinner

Zu de positiven Aspekter gehéiert fir d'Blanche Weber, "datt am positive Sënn vum Wuert eng Kontinuitéit dran ass. Et si strategesch Pläng, déi ënnert der leschter Regierung erstallt gi sinn, déi sécherlech aus eiser Siicht als Ëmweltschutzorganisatiounen nach verbesserungswierdeg wären, mee déi awer eng gutt Basis sinn."

Dass beispillsweis den Nationalen Naturschutzplang (PNPN3) net a Fro gestallt gëtt a sech säitens der Regierung zum Nationalen Energie- a Klimaplang, sou wéi zu der Strategie am Beräich Mobilitéit bekannt gëtt, begréisst de Mouvement écologique an engem Schreiwes.

Och géif de Koalitiounsvertrag wichteg konkret Aussoen an Instrumenter beinhalten. Dozou gehéieren de Support vun der nationaler Landwirtschaft an allen ëffentleche Kantinnen, Hëllefen am energeetesche Beräich fir Stied mat wéineg finanzielle Mëttel, d'Begréngung vun Uertschaften oder de Wëlle méi Solar-Anlagen op nei Bauten z'installéieren, fir da just eng Partie ze nennen. Hei gëtt säitens dem Mouvement écologique betount, dass et vill a breet gefächert Instrumenter am Accord ginn, och wann dës a wäiten Deeler net detailléiert ausgefouert sinn.

"Dat ass d'Bedeitung vun de Nahwärmenetzer, fir där unzeleeën. Oder datt Solaranlage solle Fliicht ginn, bei Neibauten. Jee, et gëtt där Instrumenter e puer wou mer soen, dat ass gutt, datt sech déi nei Regierung zu konkrete Moossname bekennt."

Ma wat sech awer negativ wéi e "schwaarz-bloe Fuedem" duerch de Koalitiounsaccord géif zéien, wier en ze vill "pragmateschen" Ëmwelt- an Naturschutz. Et wier dohier net kloer, ob d'Regierung sou weider fuere wéilt wéi bis ewell a plooschtere wéilt, ouni awer fundamental Ëmzedenken oder ob een effektiv d'Drénglechkeet vun der Klima- a Biodiversitéitskris erkannt hätt.

Dës Krise kéinten dem Mouvement no net mat enger pragmatescher Approche geléist ginn, vill méi wiere "séier a strukturell Reformen" néideg, dat well den Zäitraum, deen een zur Dispositioun hätt, extrem kuerz wier. Eng grondsätzlech Weichestellung géif am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung net ausgeschloss ginn, ma dëst géif awer och net konsequent ugestrieft ginn. Op alle Fall wier dovunner näischt am Accord z'erkennen.

Dat komplett Schreiwes vum Mouvement écologique zum Koalitiounsaccord vun der neier Regierung fannt Dir hei!

Donieft, seet d'Blanche Weber, ass déi gréisste Suerg, datt "déi nei Regierung wierklech an der Déifteschäerft och unerkennt, datt et net ka weidergoen, wéi bis elo." Fir déi aktuell Krise unzegoen, bräicht et méi fundamental Changementer, wéi eng nohalteg Steierreform. "Et ka net sinn, datt deen, deen d'Ëmwelt belaascht a verbraucht nach ëmmer gutt ewech kënnt, iwwerhaapt net muss bezuelen an d'Allgemengheet d'Käschten iwwerhëlt." Oder och nach "Datt e Staat mécht, wéi wa mer Wuesstem bräichten, fir no fir ze kommen. Dat si sou Grondsaz froen, déi eigentlech enger nohalteger Entwécklung entgéint stinn." Dofir hätt een e laachend an e kräischend A. "D'Realitéit wäert elo weisen, ob d'Regierung den Uspréch gerecht gëtt."

A genee wéi de Mouvéco fënnt och d'Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace positiv a negativ Aspekter um neie Koalitiounsaccord. Greenpeace begréisst, datt d'Efforte géint de Klimawandel wëllt intensivéieren. Mee déi proposéiert Mesure géifen net duer goen. D'Ëmweltschutzorganisatioun kritiséiert ënnert anerem och, datt d'Plus-valuen op den Immobilieventë solle manner besteiert ginn. D'Regierung kéint dës Suen gutt brauchen, fir an d'Energietransitioun z'investéieren. A si bedauert, datt Lëtzebuerg net ambitiéis genuch wier, wat d'Reorientatioun vun der Finanzplaz Richtung Durabilitéit ugeet. Doriwwer eraus begréisst Greenpeace, datt sech d'Regierung a Frankräich an an der Belsch fir d'Fermeture vun den Atomzentralen zu Cattenom. Tihange an Doel wëll asetzen. A si hofft, datt CSV an DP sech op europäeschem Niveau weiderhin un der Säit vun Däitschland an Éisträich dofir asetzen, datt de Nucléaire net als gréng Investitioun ugesi gëtt. Dozou huelen DP an CSV am Koalitiounsaccord keng Stellung.