US-Senat confirméiert Stacey Feinberg als nei Ambassadrice

© RTL Archivbild
De 7. Oktober gouf am US-Senat mat 51 Jo- zu 47 Nee-Stëmme fir d'Stacey Feineberg als nei US-Ambassadrice hei am Land gestëmmt.
D'US-Ambassade huet der neier Ambassadrice gratuléiert a freet sech op déi nei Missioun mat hir zesummen, fir ënner anerem déi bilateral Bezéiungen tëscht béide Länner ze verdéiwen.
D'Feinberg léist den Interimschef Anthony Baird of. En Datum wéini déi nei Ambassadrice hir Missioun untrëtt, gouf nach net genannt. Wéi et heescht wier dat awer bis zum Joresenn de Fall.
Am Dezember d'lescht Joer hat den US-President Trump d'Stacey Feinberg zur Ambassadrice ernannt. Hir Nominatioun gouf am Mäerz offiziell ugeholl, elo gouf et wéi gesot gréng Luucht vum US-Senat.
Méi Detailer fënnt een am Artikel bei de Kolleege vun RTL Today.