Iwwer 34 Millioune Page Views - Mir soe Merci

© RTL-Grafik
Den Trounwiessel war een historesche Moment a mir sinn immens dankbar, datt esou vill Leit dëst Evenement zesumme mat RTL suivéiert hunn.
Op der Tëlee, um Internet, um Radio an op eise soziale Medien: op RTL hu mir probéiert, den Trounwiessel esou breet wéi méiglech fir Iech ze couvréieren.
Eis Websäiten RTL Lëtzebuerg, RTL Infos an RTL Today koumen iwwert de Weekend vum 3. op de 5. Oktober op iwwer 34 Millioune Page Views! Op eise soziale Medie goufen eis Contenuen iwwer 14 Millioune Mol gekuckt. Dobäi kënnt natierlech déi grouss Audienz bei eise Live-Sendungen op der Tëlee an eis trei Nolauschterer um Radio!
Villmools Merci fir Äert Vertrauen! Mir sinn houfreg, Iech qualitative Contenu wéi dëse kënnen ze bidden a mir freeën eis drop, Iech och an Zukunft bei de klengen a grousse Momenter am Land ze begleeden.
Är Ekipp vun RTL Lëtzebuerg