Um 10. Oktober
Haut ass de Weltdag vun der mentaler Gesondheet

© Viktoria Bank / TT NEWS AGENCY / TT News Agency via AFP
Et geet drëms, de Public fir mental Problemer ze sensibiliséieren.
Hautzedaags ass eng Persoun vu véier am Laf vun hirem Liewe vu psychesche Problemer betraff. Zu Lëtzebuerg hat bal en Drëttel vun de Leit scho mat Angschtgefiller ze dinn oder mat Depressiounen.
Et soll ee sech wéinst mentale Problemer net schummen, driwwer schwätzen an et soll ee sech Hëllef sichen. Als Symbol vun der Solidaritéit an der Hoffnung gëtt et eng gréng Schläif fir sech un d’Gezei ze spéngelen.
Am meeschte gelies