Educatiounsministère: "Diskriminatoresch Ausso" wier wéinst Schaukel gefall

De RIAL-President Bernard Gottlieb hat en Dënschdeg de Moie bei eis op der Antenn vun enger antisemittescher Aggressioun geschwat, déi hie gemellt krut.
En Dënschdeg de Moien hat de President vun der ASBL RIAL (Recherche et information sur l'antisémitisme au Luxembourg) Bernard Gottlieb als "Invité vun der Redaktioun" bei eis um Radio um zweete Joresdag vun der brutaler Hamasattack op Israel de 7. Oktober 2023 vun enger antisemittescher Aggressioun an enger Schoul zu Lëtzebuerg geschwat, déi him gemellt gi wier. E Jong vun 10 Joer, Judd an Israeelesche Staatsbierger, wier do vu 4 Matschüler ugegraff a vernannt ginn. Si hätten him gesot "you are en Israeli crybaby". Dem Bernard Gottlieb no, wier dëst déi éischt "physesch antisemittesch Aggressioun an enger Grondschoul" dëst Joer.
Den Educatiounsministère, dee vum President vum RIAL selwer iwwert de Virfall informéiert gi war, hat nom Interview RTL géintiwwer direkt gesot, et géif een dee Fall eescht huelen. De Premier Conseiller de Gouvernement am Educatiounsministère Lex Folscheid sot:
"Mir ginn deem Suitten. Mir huelen dat eescht. Et ass eis wichteg, dass d'Schoul eng Plaz ass, wou jidderee wëllkomm ass. Onofhängeg vu senger Relioun, senger Kultur, sengem Hierkonftsland an der Sprooch, déi e schwätzt. An déi Oppenheet, déi Wäerter, fir déi d'ëffentlech Schoul steet, déi mussen alle Kanner present sinn, egal wéi al se sinn. A wa se nach jonk sinn a vläicht net ëmmer versti wat se soen, dann ass et awer trotzdeem wichteg, dat mat hinnen ze thematiséieren. Sou dass mer fir d'éischt Mol hei eng edukativ Approche huelen. Mir mussen den Tëschefall innerhalb vun der Schoul-Communautéit thematiséieren. Mir wäerten dat maache mam Zentrum fir politesch Bildung, deen hei och groussen Know-How huet an dat néidegt Fangerspëtzegefill huet, fir déi do Froe vun enger oppener Gesellschaft, vun deene Wäerter déi mir deelen, fir dat zesumme mat de Kanner ze thematiséieren."
De Ministère huet all de Concernéierte psychologesch Betreiung ugebueden. Déi, déi geschloen hunn, hätte sech och schonn entschëllegt, sou nach de Lex Folscheid. No der Diffusioun vum Interview hu sech e puer Persoune bei RTL gemellt fir ze soen, datt dat wat geschitt ass, hirer Meenung no "opgebauscht" géif ginn. Mir sinn deem nogaangen an hunn nach emol beim zoustännege Ministère nogefrot.
Antëscht hunn déi Responsabel vun der Schoul mat de betraffene Schüler an hiren Eltere geschwat. Dobäi wier d’Schoul zur Konklusioun komm, datt de Sträit ronderëm eng Schaukel am Schoulhaff den Ausléiser vum Virfall war. An deem Kontext wier den zitéierte Saz gefall, sou d'Pressespriecherin vum Educatiounsministère op eis Nofro hin. De Ministère géif doranner "eng diskriminatoresch Ausso" gesinn. Et géif net an hirer Kompetenz leien, fir ze soen, ob de Virfall als antisemittesch unzegesinn ass oder net, krute mer en Donneschdeg matgedeelt.