En Donneschdeg koum et kuerz viru Mëtteg  zu engem Aarbechtsaccident an der Stater Ënneschtgaass.

Dobäi ass en Aarbechter op enger Stee eng 4,5 Meter wäit erofgefall. Well dat um 10. Stack geschitt ass, huet de Blesséierte misse mat enger laanger Leeder vum CGDIS erofgeholl ginn.