Gilles Baum bei der DP, Marc Spautz bei der CSV

© Ketty a Rom Hankes
Wann en Dënschdeg de Mëtteg d'Chambersessioun ufänkt, wäerten eng Partie nei Gesiichter d'Fraktioune leeden - bei der DP bleift awer alles beim Alen.
An der Fraktiounssëtzung um Dënschdeg de Moie gouf d'Kandidatur vum Gilles Baum unanime acceptéiert, sou datt hie bis 2028 soll d'liberal Fraktioun mat hire 14 Deputéierte leeden.
Bei de Wale war de Gilles Baum am Oktober am Ostbezierk net direkt gewielt ginn, mä well de Lex Delles nees zu Ministeréiere kënnt, ass de Lënster Schäffen an d'Chamber nogeréckelt.
De fréiere 50 Joer ale Schoulmeeschter hat bei de Walen dëst Joer iwwerdeem bal 1.000 Stëmme par rapport zu 2018 verluer, wéi hien deemools direkt an d'Chamber gewielt gi war.
Bei der anerer Regierungsfraktioun, der CSV, ass iwwerdeem jo de Marc Spautz als Fraktiounspresident designéiert ginn.